Eng Studie iwer t’Planzen.

(Anmerkung des Chronisten: Diese Studie wurde von Albert Regenwetter fertiggestellt im Winter 1947 und nie publiziert. Im Jahr 1970 wurde sie im Briefwechsel mit Herrn Kiefer ausgetauscht, derzeit wohnhaft in Torigny – Frankreich – Onkel von Maisy Kiefer, Ehefrau von François Regenwetter, ältester Sohn von A.R.)

 

Wouraus besteht eng Planz?

Eng Planz bestét aus

  • ·       aus der Wurzel
  • ·       aus engem Stengel
  • ·       aus dem Blâat
  • ·       aus der Ble’ih
  • ·       aus der Frûcht
  • ·       aus der Knosp

 

Mir wöllen fir d’eischt t’Wurzel fun der Planz kenne léeren.

 

  • ·       Formle’er
  • ·       Wurzel als Nahrungsorgan
  • ·       Wurzel als Speicherorgan

 

  1. Woufir a wé baut sech t’Planz eng Wurzel?
  2. Wé befestegt sech t’Planz an de Buedem?
  3. Nahrung fir des Planz am Buedem?
  4. Ophuelen fun der Nahrung durch t’Wurzel?

Formle’er

T’Wurzel fun enger Planz ass hire wichtegste Bestanddél. Sie ass dat Organ fun der Planz, dat nie Blieder a Knospen dréht. Bei dénen nidregen Planzen, we’ Pilzen, Algen a Flechten, kann én iwerhâpt keng Hâpt- an Niewenorganer ennerschéden. De Moos huet weinenstens en iwerirdeschen Dél oder Organ, awer keng eigentlech Wurzel. Eso eng Planz nenne mir an der Planzeléer Thallus oder Lager.

Weider gin t’Planzen dann agedélt an:

 

Thallophyten dat wellt soen: Lagerpflanzen ouni Achsenorganen

Kormophyten (Sprosspflanzen) dat wellt soen: Achsenplanzen mat Achsenorganen.

Dann ennerschéde mer erem Hâpt- an Niewewurzelen.

 

T’Hâptwurzel ass dé riecht an direkt Fortsezung fum Stomp, oder Stengel no önnen. Si hécht am Deitschen och Pfâlwûrzel, wann sie, wat awer net ömmer de Fall ass, vill mé deck ass ewée t’Niewewurzelen oder t’Wurzelfaseren.

 

Dann hun mer erem verschidden Arten fun Wurzelformen.

 

  1. Réerförmeg: krésronn, wéi bei der Rédercher

 

Néwewurzelen.

 

Sin dé seitlech Fortsetzung fum Stengel no önnen. Sie sinn méschtens dönn a fasereg (beim Gras) knolleg oder handförmeg oder och bédes z.B. Scharbockskraut.

Besonnesch Formen fun Niewewurzelen sin nach

Dâwurzelen: dé iwer de Buedem lâfen, wé bei den Dënnebém.

Klammerwurzelen: wé bei dem Wantergreng, dem Engelsüss usw.

Loftwurzelen: Figebâm, Philodendron, fun den Äscht bis op de Buedem.

Liewesdauer fun der Wurzel

T’Wurzel stirwt munchmol mat dem Stengel of, soubâl ewé t’Frucht zeideg ass. T’Planz ass dann éjähreg. Sie kann awer och bis zum zwéten Hierscht ausdaueren, dann ass se zwéjähreg, wéi Wurzelen, Rommelen an nach âner.

 

Sie kann och johrelang am Buedem ausdauern, dann ass sie ewéi é sét ausdauernd oder éweg.

T’Wurzel als Ernährungsorgan!

Wofir a wé baut sech t’Planz nû eng Wurzel?

Hei sichen mir en Ennerschéd zwöschen de Planzen an den Déieren.

T’Planzen ernähren sech, mat Ausnahmen fun de Schmarotzer oder de Fäulnisbewohner fun anorganeschen Stoffer. T’Déier dergéint fun organischen, Planzen an Déieren.

 

En Déier muss sech seng Nahrung sichen.

De Planzen könnt se wé e sét „ an de Mont geflun“. T’Bewegung ass fir eng Planz schiedlech. Repikéeren, wéise an âner Döppe setzen. Eng Méiglechkét ouni Schued ze machen ass versetzen mat der Mott, dât hécht, mam Buedem, wouranner se gewues ass. Aner Méiglechkéten bestinn nach durch Ausléfer: Erdbéer, Weiden durch Abstecklinge.

 

Planzen ouni Wurzelen get et och.

 

Dât sin Wasserplanzen, déi am Wasser schwammn an hier Nahrung net aus dem Schlamm oder dem Buedem bezéien. Sie hun amplâtz, Wuerzelen, Saugorganer, womatt dat sie sech um Gesteng, oder un aner Organer festhâlen z.B. Mauraflechten (Parmelia esculata) déi awer nömmen an de Wüsten an bei den Oasen ze fannen ass.

 

Wé entsteht eng Wurzel?

 

All Planz entstét aus engem Keim oder Sôm. E Beispill ass: Lée mir eng Boun an t’Wasser. 3 Déler entdecke mer, no e puer Dég. T’Sômlappen an och eng Kéng. Déi léscht leit wonnerbar an engem Sômlapp verkapselt. Esoubâl dé Sômlappen sech délen, sprengt t’Keng och eraus a rîcht sech direkt dem Erdbuedem zo’. Lée mir dât ganzt elo an de Buedem, dann buert dé Keng sech ewé e Buer an de Buedem, a wéesst. Dén Drang ass esou stark, wa mir ons wellen iwerzégen, kenne mir feststellen, dat dé winzeg Keng e Gewicht fun 90 Gramm op t’Seit dreckt, oder an t’Luecht hiewt. Fun der Seit erbei, esouguer en Drock fun 1500 Gramm verdrekt.

Wât zitt dann elo t’Wurzel esou nô ennen?

Dé Egenschaft ass der Planz ugebuere. Dât ass ént fun den Weltwonner. Schneide mir eng Weid glâd of, stiechen si dann an den nasse Buedem, da gesin mer: Sie setzt t’Wurzelen un a wiest firun, net no uewen, nén no önnen. Dât ass dann och ganz natîrlech. Well all Wésen ass der Unzéhungskraft fum Erdké önnerworf, wât an der Erd wuesse soll. Alles aner fun der Planz striwt no uewen (Knospen, Zweiger a Blieder).

Wât verstinn mir önner Geotropismus, Aerotropismus an Heliotropismus?

1.Geotropismus ass d’Awirkong fum Schwéerpunkt fun de Planzen.

2.Aerotropismus ass Awirkong fun der Loft, Licht Sonn op de Wuestem.

3.Heliotropismus ass Awirkong fun de Gasen op t’Richtung am Wuestem.

Wéi befestegt sech nun t’Planz am Buedem?

 

1. Sie muss fir d’éecht och am Buedem leien. Durch den Drock fun de Buedemklömpercher , dé öm t’Wurzel leien, bilden sech Elementer an der Wurzel, déi dat Bestriewen hun sech ze verdekken an sech ze festegen. Dé Zellstofffaseren an der Wurzel verholzen nô an nô, an eso wiest dann t’Wurzel firun.

 

2. t’Wurzel an de Stengel sin am önnere Bau bâl gleich. Nömmen t’Wurzel mecht eng kleng Ausnahm, wât Zugfestegkét ubelangt.

Bei déne Planzen dé en huelen Stengel hun, ass t’Wurzel nie huel. Zum âneren riicht sech t’Wurzel emmer no dem Bedierfnes fun der Planz. T’Wasserwurzelen sin net eso stark gebaut ewé t’Erdwurzelen amplâtz datt dé Wurzelen verholzt solle sin, hun se Faseren déi mat Loft geföllt sin.

(Saugscheiben zum festhâlen) Dô ass versetzen an de Buedem méglech, z.B. Fâr, Flechten an esou weider.

 

3. Dönnfasereg Wurzelen. Dé hun bâl kémol Muerg, sie können duerfir keng fest Wurzele bilden oder forméieren.

 

4.Bei decke Wurzelen sin Faseren ganz zesummegedreckt. Dât muss och esou sin, soss géif t’Wurzel dem Zoch fun der Planz baussend dem Buedem net widerstoen.

 

T’Nodéler beim Erausreissen fun enger Planz

 

t’Wurzel bestét aus der Hâpt- an den Niewewurzelen. Déi kleng oder Niewewurzelen sin gann dönn a matt dem Erdbuedem verwues, datt, wann sie eraus gerass gett, dé kleng hoerdönn Ästercher méschtens ewech gerass gin, an dann beim Repikéeren lang traueren, wât fun groussem Nodél beim Wuestem ass. Do sin dé kleng Wirzelcher extra bestemmt, fir t’Nahrung aus dem Buedem ze zéien.

t’Wurzel muss och e Schutzwall hun, fir ouni sech wé ze dinn, an de Buedem eranzekommen. Hätt sie dât net, géif sie beim Opstoussen op e Stén briechen, an dodurch geif Ophuelen fun der Nahrung an och de Wuestem verhönnert, oder a Gefôhr bruecht. Sie huet dorfir un der Spëzt eng Korkschicht, dé ausgeseit ewé e stompecht Messer. Sie buert sech durch Sand a Stengercher durch. Selbstverständlech ass t’Ofnotzung och do, eweé bei engem mechanesche Buer an et stirwen och Enzeldéeler derfun ôf. Durch dat Ofstierwen entstét eng Mass, Schleim genannt, dé t’Wurzelspöze schmiert, an dann t’Bûren erlichtert. De Wurzellâaf oder t’Buer ass bei verschidde Planzen, dé der Drechent oft widderstoe mussen, oft ganz hârt. Dâ schwätze mir sie ass holzeg. Dât gesin mir bei engem Murtestakk, dén ze fill lâng am Buedem bluef, oder an engem drechenen Summer. Dât huet awer sein bestömmten Zweck. Soss géif t’Planzesâft verdrechenen fun der Hötzt. Dât ass de Reservoir. Ass t’Witterung dem Wuestum eso enger Planz gönsteg, ass dese Wurzellaaf och dém entspriechend hârt oder möll.

 

Niewewurzelen. Déi sin net ze zielen un enger Planz, démnô se grouss ass. Om Héiwald, do sin esouvill Wurzelen am Buedem, ewé Äst an der Lûcht. Sie hun den Zweck, sovill ewé méglech Nahrung aus dem Buedem ze zéen. De kléng Wurzelen önnerleien net esou der Schwéierkrâft ewé t’Hâptwurzelen. Den hl. Augustin dén och en Naturfrénn wuer, sôt: „Wurzelen fun enger Planz sin t’Féiss fun der Planz, woumatt dât sie dohin sicher geht, wo sie Nahrong denkt ze fannen.“ Sie ass och un de Féiss ganz kedlöech, dat sie dat allermindest spiert, wât sie reizt.

 

Hydrotropismus nennt t’Biologie den iwernatirlechen Driff, all fiecht Plâtz an all Nahrung opzesichen. Dat gesinn mir am beschten bei engem Asperagusstack am Blummendöppen. E bedeitende Forscher „Wagner“ erzéelt fun enger Lisèrewurzel, dé an der Déift, op e morsche Schädel gestouss ass. De Kalek an dem Schädel, dén huet déi Planz gespirt, an sie huet sech richteg doran agewurzelt. Planzen dreiwen daks hir Wurzelen 1-2 m déif, wann sie Nahrung do spieren, z.B. de Quendel, Hauhechel, am weitsten dreiwen ons Lâf- an Dennbém, oft 10-15 Meter, biergop a biergof hir Wurzelen. Onst Seegras huet esou déif a kräfteg Wurzelen, dat z.B. 3 Planzen méi Land unhuelen, ewé de gréiste Kamion firunschléft. Kucke mir emol an a Mouer! An dann déi heichstämmeg Palmen, déi munchem Sandsturm de Bass hâlen.

 

Wât wësse mer fun den Stelzwurzelen?

 

Um Ufer fum Mir gesin mir daks Wurzelen déi 1 Meter iwrem Buedem erausstinn. Dann kënne mir nach

 

Säulewurzelen beim Figgebâm an Indien. Do können 5000 Mann önner Dach stoen, wann et rént.

 

Da kënne mir nach:

 

Klâmerwurzelen z. B. beim Wantergreng, beim Jelängerjelieber. De Luping am Sandbueden huet och déif Wurzelen.

 

Bei de Wasserplanzen: Lang, zart a stark verzweigte Wurzelen.

Bei de Moorplanzen: t’Haftwurzelen a beim Alter önner der Obrfläch

Wurzelen bei den Schmarotzerplanzen: beim Wuechtelwés, dem Biergflues, beim Augentrost. Beim Mestel op de Bém.

Pilzerscheinungen un de Wurzelen: beim Dennebâm, bei de Weiden, bei de Peppelen. Do sin iwer 20 Planzefamiljen bekannt. Ech kann se hei net all nennen, weint der Plâtz. Bekucke mir nemmen e Bild vun engem Urwald um Fernseh.

 

Wurzel als Reservoir oder e Speicherorgan

 

T’Wurzel ass net ömmer dât wichtegst Organ. Och de Stengel an t’Frûcht droen an der Nout zur Nahrung fun der Planz bei.

 

Wé geht nun déi Opspeicherung fir?

 

Zellwasser léft durch Zellen. Wann t’Planz ofstierwt, léft Zellwasser zreck an Speicherorgan fun der Wurzel. Am Fréjohr erem erop an de Stengel an dann an t’Blieder. E puer Beispiller. Beim Ahorn do kenne mir jo 2 Zorten, den Heckenahorn an de Spitzahorn. Do steigt Zellewasser am Mé, a bei der Lärch ereischt am Juni.

Zreck gét Zellwasser beim Ahorn Ufank August, a bei der Lärch Unfangs Oktober.

 

Einjähreg Planzen hun dat net.

 

Do ass de Sôm t’Speicherorgan fir die nei Planz am nächste Joer.

 

Zwéjähreg Planzen get et bei

 

Den Rommelen, Ribben, Rout Rommelen a Kolrawen.

 

Bei den ausdauernde Planzen

 

dengen Speicherorganer fir den Obbau fun neien Zweiger an Sprossen.

 

Elo kucke mer nach no de Feinden

 

T’Meis, den Hamster, Maulwurf, Schléken, Larwen fun déne verschiddenen Käfer, Raupen, Wöld, Wöllschwein, Hirsch a Réih, Huesen a well Kanengercher.

 

Feindschafte bei de Planzen

 

Peffermënz hemmt de Wuestum fum Fenchel

En jongen Apelbâm wiest net wann en eng Steip fun Eibenholz huet.

Rhus toxicodendron (Perückenstrauch) erzeugt Blutvergëftungen. Oppassen beim Bâmschneiden op t’Sâft fun den Bém.

Den Drepsschlag fun de Bém kann de Wuestum oder de Geschmâg beaflossen.

Eng Birk kann an ärem Wues all Grâs verdillegen.

Och Peppelen an Weiden.

Fenchel vum Wermut.

Liebstock vum Fenchel.

Tomaten a Gromperen net önnert den Nessert, och keng Bouhn an t’ Noperschaft.

Majoran zweschen Wurzelreihen.

Zwiebelen bei Stangebohnen.

Zalot hällt bei Rédercher t’Fléh weg.

Twiebelen oder Poretten zweschen Wurzelen

Do kenne mir och Abwehrelementer

 

Ewéi t’Schuel ass göfteg, harzeg a batter. Aner Feinde sin nach, Dröchent an t’Hötzt. Hei wieren se sech an dém se an t’Deift wuessen.

 

E Beispill: Beim Gruewen fum Suezkanal hun se nach Wurzelen fu Grashellem an 2 Meter Déift festgestallt. Do könnt nach e bedeitende Faktor fun der Ausbildung fu Wasserbehälter un der Wurzel. Drenkwasser ass festgestallt gin durch „waterfinders“ Vigel, Dauwen, den Zebrafink an de Kakadu. Bei der Planz, die se Leroschua nennen wuer et e Ségen fir Wüstenawunner. Die leit eso em 40 cm önner der Oberfläch, an iwer dem Buedem weist se sech ewé eng Kuebefieder. Am Buedem awer eng Knoll ewei eng deck Kéleklatz. Wéi fannen elo die Wüstenawunner dât Wurzelgebild? Sie klappen mat Steng op déi Platz wo sie esou eng Fieder gesin oder vermudden, an dann héieren sie um Klang op eppes drönner ass. Da gruewen se 30-40 cm déif, da fannen se t’Knoll. Déi enthällt da Wasser datt 4-5 Persounen sech sât drenke können. Esou eppes gesin mir och bei den Asparagussteck. Ronn, länglech Knellercher, voll Sâft an Nahrung. E weise Rôt fum Schöpfer.

 

Esou weit fir haut. (Randbemerkung in diesem Brief an C. Kiefer)

 

De medezineschen Dél.

 

E kurzen Iwerbleck iwer t’Wurzelen déi an den Téien ze fanne sin. Do kenne mir: Hämorhidewurzel, Kalmeswurzel, Bertramswurzel, Hauhechelwurzel, Angelikawurzel, Queckenwurzel, Hielenterwurzel, Dreiblâdwurzel, Tormentillwurzel, Bibernellwurzel, Attichwurzel, Salomonssiggelwurzel an nach âner.

 

An elo zum Stengel.

 

Wourauser bestét de Stengel, oder Still fun enger Planz? Wéi ass hien gebaut?

 

a)   Formeléier

b)   De Stengel als Achsenorgan

     c)   an t’Lucht striewen

     d)   Festegkét

     e)   De Stengel als Leitung fun dem Sâft

     f)   De Stengel als Speicherorgan.

 

De Stengel ass dén Dél fun der Planz, dén Knospen, Blieder, Bléien an déi aner Organer dréit, déi mat déenen Organen zesummenhänken. Et get 2 Zorten.

 

Önnerirdescher an Iwerirdescher.

 

De Wurzelstack oder Rhizom oder Rhizoma genannt.

 

 

Ennersichen mir emol ons Ennen, ons Lilien, den Aronstaf, Maigleckchen an Poretten.

 

Iwerärdesch Zorten sin dann beim

Holzstamm, holzeg ausdauernd.

Beim Bâm: a gewesser Héicht verzweigt en sech (Bîrebâm)

Strauch: Beim Hieselter z.B. ass Verzweigung schon op dem Bueden.

Hallefstrauch: Dén önneschten Dél verholzt, da verzweigen sech an e Stack oder Stronk ewéi       bei onse Palmen.

Krautstengel: dé stîrwt all Jôhr of, bis op dén Dél, dén am Buedem bleiwt, bei säfteg a grengen Planzen z.B. Fâar. Durch besonnesch Egenschaften hun verschidden Krautstengel en égene Numm kritt.

Hallem: hécht dé Stengel, dén net verzweigt, huel a krauteg ass: beim Grâas, Fruecht, Kâr z.B.

Schaft: ass net verzweigt, net huel, awer mat Muerg geföllt, ouni Knuet an ouni Blieder.

Ausléfer: schléit aus, krécht am Buedem weider a vermehrt sech. (Gromperen, Dahlien).

 

De Stengel als Achsenorgan oder t’Wuessen iwerhâpt.

 

Wéi wichteg dât ass, gesi mer un den Ausléfer, an déi um Buedem kriechend Stengelen. Déi droen nie Blieder, höchstwahrscheinlech well se kén Licht hun. Déi déi Lîcht hun, dreiwen direkt baussem dem Buedem Knospen a Bléen. E Beispill: Erdbeer, Fünffingerkraut, den Hunnefous, de Günsel, de Quendel, den Tormentil. Déne Planzen féhlt de Driff an t’Luecht. Net wé ons Dennebém an den Héiböscher, wou et oft geschitt, datt wann eng Spötzt ofbrecht, sech eng nei formeiert. Weiden, Hohnbuch ann Dennen weisen ons dât. Dé bedeitenden Dichter Goethe dén sech och mat Botanik beschäftegt huet, hât hei dé schéinen Ausdrock „Spiraltendenz der Vegetation“. Fuersche mir elo nô, fir dat ze erklären, da constatéiere mir den Honger nom Liecht oder besser gesôt de positive Heliotropismus. T’Unzéchen fum Liecht soll dât alles bewirken. Jô awer wéi kennt et nun dat gewesse Stengelarten, déi keng Bléien ze droen hun fum Licht net ugezugen esouguer direkt ofgestouss gin? Dat nennen mir en negativen Heliotropismus. Dât ass awer nemmen eng Mutmassung, keng Erklärung derfir. Dât verléft alles dem Gesetz fun der Mechanik nô.

Wuerfir ennerleien nun net all Planzen déne Gesetzer?

Dât ass esou ze erklären, dat t’Ursach do am önneren Opbau an an dem Gewebe am önneren Bau ze sichen ass. De Grond duerzou, dén dem Stengel den Ustouss gett, ass bis elo nach net erforscht.

 

Den Aronstâf. Eng Knoll fir önnerirdeschen Stengel, 10 cm déif am Buedem. No der Keimung am Fréjôhr, wann déi éischt Knollen sech gebild hun, an Keimwuerzelen ofgestuerwe sin, entweckelen sech déi eigentlech Wurzelen. Déi Wurzelen zéien nun t’Hâptknoll méi déif an de Buedem. Da stirwen déi Wurzelen âf, wuessen awer direkt als gesond Wurzelen erëm, wann én z.B. un der Planz zéie géif. Dât ass esou ze bewerten: Negativen Geotropismus oder positiven Geotropismus! Festegkét fum Stengel bei héhen Planzen. Do önnerschéde mer am Zellobbau en zwéfacht System.

 

 

 

E méchanescht an e physiologescht.

 

Mechanesch Zellen sin um Hartholz ze fannen. Planzen déi am Wâsser schwammen, hun keng mechanesch Zellen. Sie brauchen keng Festegkétselementer. Dé am Wâsser flutende Stengel sin nömmen der Zugkrâft fum Wâsser ausgesât. Sie sin an der Mett zesummen gewues, zu engem Böndel. Dât wöllt soen: Veréent Krâft mecht stark.

 

Bei déne Planzen déi schwammen, sie verschiddener, dé mir nömmen gesin, wann se Blieder hun. Dé kommen dann op t’Oberfläch fum Wasser. Wofir? Well se Chlorophyll (Blaatgreng) fir hir Assimilation brauchen. Am Hierscht wann t’Bléeder, ewéi bei alle Chlorophyll haltegen ofstirwen, lét de Stengel sech an de Morast um Grond fum Wasser, an der Wanterschlôf. Sie gett of bei kâlem Wanter durch Grondeis erausgerass a fortgeschwemmt. Dât Jôhr duerno sicher mer da vergéwens op der âler Plâtz. Déi Planze kennt Dir jo all. Et sin, fir e puer ze nennen: Kalmeswurzel, de Batterkléi an de Moukeprabbeli. Eppes mé un Festegkét hun déi Stengel déi sech iwer dem Wuessen op dem Buedem opsteipen, oder töschent dem positiven oder negativen Geotropismus schwanken. Sie steipen sech op der Oberfläch op, dreiwen dann do duerch Awirkung fum Geotropismus Wurzelen an dann och nés jong Schetz. Da stirwt den Hâptstengel ôf. Wéi grousarteg!

 

Wât léiere mer aus der Planz?

 

De Selbsterhaltungsdriw fun der Art, an den Fortpflanzungsdriw ouni Rücksicht op sein égent Dasein. Also Dengscht um Nächsten, enner der Opafferung senger selwer. Et ass ons och bekannt dat et och e Käfer gett, dén esou fir seng Nokomme suergt (Neerophorus vespillo) de Do’degriewer nenne mir en. Dé lét seng Är op t’Leich fun enger Maus oder engem Vugel. Da stirwt hien. Déi Är nun wuessen zu Larwen, a fir Nohkommenschaft ass gesuergt. Wé gett der Planz, an dem Käfer dé Gedanken? Hun sie Vernunft oder Verstand? Do kann dach nemmen eng Schöpferhand matwirken.

 

Déi Planzen de’i riecht stin, hun straff gespânt Gewebezellen.

 

(Onerklärlech ass dât wât op der nächster Seit fun dem Auteur sengem Text stét...

„Fortsetzung von dem letzten Brief!“ an dann könnt des Opzielung. Et muss also niewent der Planzestudie och nach perséinlech Korrespondenz beigeléen hun)

1)     Stinkkraut

  1. Geckenholz
  2. Gehängte Männchen
  3. Kindertee
  4. Judenkrisch
  5. Wibbelwäppchen
  6. Kirwelsblumm
  7. Frësche Blum
  8. Hirtentäschel
  9. Pfeifenholz
  10. Pellem
  11. Osterschelle
  12. Goldhaar
  13. Pfaffenschuf
  14. Herzgespann
  15. Tubaksblatt
  16. Bleistiftholz
  17. Siebenbaum
  18. Krettchen réer mech net un
  19. Hosterter Béer
  20. Kugeldistel
  21. Wilder Kaffee
  22. Russischer Ginst
  23. Entenlinse
  24. Beinwohl

 

Auch die Farben spielten eine Rolle

 

  1. Schneeglöckchen
  2. Schneeball
  3. Schneebeere
  4. Schwarzdorn
  5. Schwarzwurzel
  6. Schwarzer Kümmel

 

Alle Pflanzen aus dem Walde wurden danach benannt

 

  1. Waldklette
  2. Walddistel¨
  3. Waldnuss
  4. Wachholder
  5. Silberdistel
  6. Waldrose
  7. Waldheide

 

Aus dem Wasser kommende Pflanzen

 

  1. Blasentang
  2. Zinnkraut
  3. Fischrinde

 

Dann die Bäume oder Sträucher

 

  1. Pommeranzenbaum
  2. Zitronenbaum
  3. Feigenbaum
  4. Fieberrindenbaum
  5. Birkenbaum
  6. Lindenbaum
  7. Winterlinde
  8. Heidelbeere
  9. Preisselbeere
  10. Süssholz
  11. Zaubernuss
  12. Efeu
  13. Mistel
  14. Mispel
  15. Besenginster
  16. Silberweide

Usw...usw...

Alle diese Namen lassen sich in der luxemburger Mundart lesen. Auch habe ich dieselben nur in der luxemburger Mundart gehört. Eine luxemburger Botanik ist so selten, wie die weissen Mäuse. Vielleicht wird eines Tages eine Aufstellung der Pflanzen in luxemburger Mundart erscheinen, aber diese Idealisten sind so rar, wie die weissen Mäuse. Es wurde aber schon davon geredet. Die Küchenkräuter habe ich nur teilweise genannt, da jeder diese kennt!

 

Anmerkung des Chronisten:

 

Im Nachlass von Albert Regenwetter befand sich allerdings „Die Flora der Heimat.“die er wohl etwas später von Herrn Hertges geschenkt bekam. Diese Flora hatte Dr. Edm. J. Klein 1897 in Diekirch herausgegeben und mit einer persönlichen Widmung versehen: „Seinem Freunde Ern(?) Hertges, der Verfasser.“

 

Weiter sei hier bemerkt, dass der Chronist selber diese Flora als eine Sonderbroschüre der AAT- Garten- und Teichfreunde Luxemburgs zusammengestellt und die Luxemburger Namen, die sich bereits in dieser Flora befinden, ergänzte er und die von der Soc. des Naturalistes aufgestellten Häufigkeits- und Verteilungsliste der Pflanzen wurden hinzugefügt.

 

Der Chronist selber erhielt 1999 von Michel Espen ein weiteres Exemplar von dieser ersten Flora von Luxemburg geschenkt.)

 

Jôhrelang ausdauernd Holzgespiller:

 

Awirkong: Klima, Stand an de Buedem.

Och können Hallefsträucher ewé Héed, Molbéer verholzen, démno t’Awirkungen op de Wuestem ass. Dô bestét dann t’Méglechkét esouguer eng Bruyèrespeif ze bastelen..

 

Eng Ausnahm fun der Festegkétszellen bilden sech un de Palmen an un den tropesche Fârkreider. Ursach: Sie sin oft dem gréiste Sturm ausgesât. Wo’durch a wo’matt schützen sie sech? Durch Bastfaseren déi sech am Stengel bilden. De Bast ass bekanntlech ganz elastech. Drôhfestegkét fum Bast ass 15-25 kg op de Quadratmillimeter. Vergleiche mir emol t’Festegkét fun dem Bast am Verhältnis zum Goss: 23 kg. Selwer 11 kg. Kofferdôt 12,1 kg, de Messingdroht 13,3 kg op de Quadratmillimeter. Gewöhnlechen Bast huet ongeféier Drohfestegkét fum Eisen an der Schmett. Eng Palm die brecht net, sie sprengt no der stärkster Biegung direkt an seng Urstellung zreck, eso’bâl den éseitegen Drock ophällt. Et huet sech och bewiesen, datt déi Stengel déi huel sin, vill méi biegsam sin, ewée déi geföllt. Dé ganzen Bau ass awer esou geschâffen, datt alles op déi gréist Zweckméissegkét ageriicht ass.

 

Et get awer och Stengel, déi net am Stand sin, aus éegener Krâaft hîrt Lâf, Bléien an Frucht ze droen. Dann huelen sie aner Hellefsmettelen erbei

Dat sin:

b)    Flechten oder Ranken: Pärdsbeer, Waldmeister, t’Rousen, Storchschnabel.

c)     Gitterbildend Stengel: Wédâr (Rhamnus pumila) an de Steng.

d)    Windend Stengel: Bounen, Happ, Wann.

e)     Rankend Stengel: Ierbsen, Drauwen, Wikken, Waldrief.

f)     Kloter Stengel: Ömmergreng Rous, de wölle Wein, den Efeu, an t’Clematis.

 

Da stét t’Verzweigung fun den Äst am Zesummenhang matt der Blâtform. Grouss Blieder, vill Äst a fill Zweiger bei der Buch, Dänn, an esou wieder.

 

Zwéi Beispiller iwer Bauart fun engem Stengel.

 

De Grâshâlem an de Kâtzeschwanz.

 

Bei de Friechten, dem Kâr, dem Wées an esou virun muss vill Nahrung durch de Stengel erop kommen, fir de Kär ze entweckelen an et muss awer och esou vill bleiwen, fir d’Ausbildung oder t’Forméerung fum Stengel. Déi Aufgab ass net kleng. De Stengel fun onse Friechten bleiwt ganz dënn. Verhältnis fum Duerchmiesser zur Längt ass ongeféer 1: 720 Zentimeter. Wann en Architekt esou eng Seill giw bauen, misst hien sie bei engem Duerchmiesser vun engem Fouss (ca.30 cm) och 720 Fous ( ca. 21,6 m) lang sin. Dât schengt ons jo onméglech. An dach brengt Natur ons dat Wonner bei allen Kârhellem. De Stengel ass bekanntlech huel, nemmen a gewessen Ofstänn mat Kniet verbonnen. Déi Kniet sin fum Buedem aus a groussen Ofstänn forméiert. Vun önnen no uewen, emmer méi weit fun enén. Dén Eewechten Dél, wou d’Eig drop roud, ass ouni Knuet, fir de Schwankungen ké Widerstand ze léschten. Hien ass duerfir ganz elastesch a ganz biegsam. Bekucke mir emol e Grâshallem. En ass net riecht. Bei de Kniet ass eng Biegung. Zickzackarteg ewée e Knéi. Dât hält den Halem an der Riecht. Durch Längt fum Hallem, höllt én dât net esou an Uecht. Fir dat den Hallem nû net brecht, schéist bei all Knuet e Blâd, an dât ass esou könstlech ugewues ewéi é sét, dat et e Verband duerstellt. De Bestanddél am Hallem ass Kiselärd, dé mecht hien steif a fest. Dann as hé mat Ausnâm fun de Kniet huel, an dat ass fun 2 Virdéler:

-Erspueren un Nahrungsstoffer.

-Grouss Festegkét well huel Kierper sin bei gleichem Durchmiesser vill méi stark wéi geföllter.

De Kâtzeschwanz – Equisetum arvense.

 

De Kâtzeschwanz huet bekanntlech 2 Stengel. En dén t’Frucht an t’Sporen dréit, an dén onfruchtbaren Stengel. De fruchtdrohende Stengel huet ké Blaatgreng. Hie kritt seng Nahrung aus dem Stack. Sei Lieweslâf ass kurz. No e puer Wochen stirwt en of. Seng Missioun ass erlédegt. Ganz anescht dé chlorophylhaltege Stengel. Hien muss fir t’Nahrung fum Wurzelstak surgen. Hé forméiert sech ewé e Graashalem, huel zylinderförmeg. Hien enthält bis zu 90% Kieselseier. De Rescht ass eng Bastschicht.

De Stengel als Leitung fun Sâft.

 

Ewéi de Kréslâf fum Bludd beim Mensch, esou ass et och bei der Planz. Op an âf. Och ass Otmen fun de Blieder wichteg. E Bichebösch fun engem Hektar den 115 Joer âl ass, otemt an enger Vegetatiounsperiod 2,4 – 3,5 Milliounen Liter Wasser an t’Loft of. Da muss hien op der ânerer Seit och erëm esou vill anotmen! Net, dât ass interessant. Et frét én sech nun wéi dâat géht? Lée mer emol e Steck Holz an t’Wasser. Porösitéit. Richteg. Wasserleitungsréier. Bei festem Holz oder Muerchzellen, do ass et t’Schuel oder eng Bastschuel dé des Missioun besuergt. Dann huet och all Planz Loftschächt, fir ze otmen. Sauerstoff aus der Lucht. Iwerméisseg vill. Nun awer keng Angscht et bleiwt genug fir t’Mönschen. Durch Gottesfügung iwerall ausgeglach, durch t’Awirkung fun verschidenen ânere Gasen an der Lucht.

 

Ofgestuerwen Planzen an Déieren, dé der Fiechtegkét an der Loft ausgesât sin, verzieren oder zersetzen sech schnell. De Sauerstoff an der Luecht mat dem Kuelestoff fum Kierper bilden dann Kouleseier, mat dem Wasserstoff. T’Waasser, de Waasserstoff mat Stickstoff, den Ammoniak.

 

Dat nennt én an anere Wieder Verwésung. De Gestank gett alt erem duerch t’Planzen ageotemt a filtréiert a verbessert. Wann all Vegetatioun fun der Erd verschwanne géif, t’Déieren an t’Ménschen awer viru liewen, déten sie no 100 Jôhr nach ké Mangel un Sauerstoff feststellen, déiten awer fréih stirwen duerch den Iwerschoss fun Kueleseier.

Wât wesse mer fun der Janinsche Glasröhre?

Ganz eng Rechercher mat mei groussen Erweiterungen „Wasser à Loft“ t’Unzeien fum Wasser durch Loft an ëmgedreht. Gerad esou ass et beim Bâm. E Bâm kann a 24 Stonnen esou vill Wasser an t’Luecht zeien ewéi hé schwéer ass. Wé kennt nun eng Planz duerzo’? Ass et Verstand oder Vernunft? Ass et net Gotteshand, dé do wirkt?

 

 

De Stengel als Speicherorgan.

 

Scho bei der Wuerzel hun mer gesin, ewei eng Planz op wonnerbâr Art a Weis sech Nahrung opspeichert, de Wanter durch, an der Wurzel festhällt a verarbecht, fir sie am Fréjôhr eröm flesseg ze mâchen. Et ass eppes, ewé eng Spuerkées am menschleche Liewen. Mir fannen déi Zellen, wou dé Nahrungsmettelen lageren, an dénen önnerirdischen Stengelarten. An der Zwiebel, der Knoll a bei dénen iwerirdischen Arten, önner der Schuel, an am Muerg. An onsen Geigenden fanne mir dâat am Bösch, wou lokkere humusreichen Buedem ass. Op déne Plâtzen, do wuessen gären Schneeglëckercher, den Aronstâf, de Bärlauch an nach ânerer. Wât dobei interessant ass, do bléien déi éischt am Fréjôhr. Zeitlech am Summer schon sin se verbléet. Och hun ech festgestallt am Eisleck an engem Wisegronn. Rechts a lenks war Hohbesch. Lenks am Bierg war et weiss fun weissen Anemonen, a riets giel fun gielen Anemonen. Iwerall dé gleiche Buedem. Do huet t’Gesetz fum Aerotropismus eng Roll gespillt. Rechts koum bâl keng Sonn hin, a lenks war t’Sonn bâl de ganzen Daag. So’lang t’Sonn op de Buedem schengt, wéest Planz a steht önner dem Gesetz fum Heliotropismus, wann t’Sonn fehlt! (??????Im Original wurde hier wahrscheinlech bei der Abschrift etwas übersehen). Hir Zeit ass bestemmt. Och wa mir sie an de Gârd versetzen, wo ömmer t’Sonn schengt. Dô gesi mir: Wuer onser Hergott eppes setzt, do muss er sein Liewen fristen, an t’Hand fum Mönsch kann neischt do änneren. Wann am Bösch neit Lâf do ass, an iwerall Schied, da kommen déi Planzen déi keng oder weineg Sonn brauchen, ewei Pilzen. Nuetsschied, an âner Schmarotzerplanzen, déi erem eng âner Missioun, an dem Verwésungsprozess fun der Humusbildung. An dénen Zonen, wo lang a kahl Wantere sin, geschitt et och, datt déi frébléiend Planzen iwerhâpt net bléien, bis dât Jôhr derno, bis dat Wieder mé gönsteg ass. Do wuessen erem âner déi en holzartegen Stengel hun, wuessen esou guer durch de Schnéi. Eweé den Seidelbast z.B. Emgekéiert, an déne wârmen drechene Länner bleiwen sie, durch de Mangel u Fiechtegkét, ënner der Erdkrusst, bis dass eng Répériod kennt, an dann iwer Nuecht sin se dô, a volle Blé. Wé widerstin sie dann deser Hetzt? Sie enthâlen eng Substanz ewei Ueleg, an dén verdrechent net. Bekucke mer emol eng Zwiebel an ënnersiche mer hir Schéel. Sie ass wéi mat ueleg gedränkt. Dann ass et ze verstoen, dat an déne wârme Länner, am méschten Zwiebelen gezillt gin. Dat ass alt eröm ganz wichteg. Dalien a Peischtrousen, déi schützen sech durch Ausdonstung durch fest Knollen oder durch Verholzung. Den iwerirdeschen Dél oder Stengel schützt sech durch déi iewescht Schuel, oder Borken, Där, Hôer, oder Pech. Dat sin alles schlecht Wärmeléder. Eng pecheg Schuel schützt geint Raupen. T’Hôr géint Hésprenger a Wirem. Nenne mir elo nach e puer Stengelarten, déi sech selwer schützen geint alles fun baussen. De Weiss- a Schwârzdâr, Schwarzbier, t’Kréichelen, t’Rousen an esou wieder. T’Planzen an der Wüst a verschidden Zorten fu Grâs.

 

De Mönsch stét do onmächteg géigeniwer, duerfir ass et erem logesch, dat all Déier do matt enger Panzerhaut bekléd ass, wou t’Planzen hinnen neischt undoe können. T’Kamel dat frösst awer déi Planzen leiwer wéi Hé. Sie hun esou eng rau Zong an hire Mô dén ass speziell duerop geschâffen. Sie hun eng Gâl, déi déi Planzen direkt an der Maul schmiereg mecht, an da rötscht dât gené wéi bei on de Brei. De Kampf em t’Existenz. Planz géint Planz. Planz géint Déier, an esou wieder. Dat zweckmässegt Schaffen a Wirken fun der Natur, wéi könne mir ons dât virstellen oder erklären. Huet t’Natur sech dât selwer erschâaft? Nén, en Zweck setzen an duerno liewen, kann nemmen en intelligent Wiesen! Ass eng Planz intelligent? Do sidd der jo alleguerten d’accord. Nén! Also huet onser Härgott daat esou erschâft. Eng Brenndestel kann duerfir eleng all aner Thesen an Theorien op Kopp werfen, dé ons haut dé méchanesch materialistesch Welt, wöllt firmâchen.

III Blaat

Begreff: t’Blaat ass ausgebrét, flächenarteg, méscht greng gefirwt Unhängsel fun dr Planz, dât durch Achsenorganser an aus Knospen entsteht, fun Nerven an Oderen durchzun ass, an am Gronn fortwiest.

 

Arten

Et ennerschéd én 3 Hâaptarten :

 

  1. Keimblieder: dé der jonger Planz zur Nahrung denglech sin (Boun)
  2. Stengelblieder: Otmongs- oder Transpirationsorganenen (Lanscht de Stengel)

 

Stengelblieder, dé gin erem önnerschéd an Nieder- oder Wurzelblieder. Sin oft nemmen Schuppenarteg, net greng an och ouni Nerven.

Héichblieder. Déi lanscht de Stengel erop wuessen oder aus déne Bléie kommen. Sie héschen och Deckblieder.

Nieweblieder. Blâatheitchen, weiss an duerchsichteg.

Lâafblieder, déi sin greng an fun Nerven durchzun. No der äusserer Form gin sie erem opgedélt an einfach an zesummegesât, je nodém e Still, éng oder mé Blaatflächen huet. Wât fum einfache Blâat gesôt, gelt och fum zesumme gesâtenem.

Dât einfacht Blâat

A) De Rand fun engem Blâat ass entweder ganz, wann et kén Aschnett huet oder wann et der huet, dann hécht et

 

1.geséet:           Aschnett an Zänn                    Attech, Bamnëss, Peppel

            2.gezännt:        stompeg                                  Angelika, Anserine, Bibernelle

            3.gekirft:          spatz:                                       Veilchen, Guckucksblumm

            4.däreg                                                            Pärdsdestel an esou weider

 

B) Groos Aschnett, et hécht dann

 

            1.buchteg:        Aschnett an Zänn                    Eéch, Platan, Wéwarte

            2.Schrootséeförmeg                                        Brenndestel     

            3.Handförmeg                                                 Waldmeister

Déi ganz Gestalt fum Blâat ass

1. Éformeg                                                      Alant, Andorn, Berberitze, Botterklöe etc.

2. Spartelförmeg                                             Raute  

3. Eliptesch                                                     Majoran

4. Lanzeförmeg                                               Abbis, Aloe, Aneis, Burekaascht asw.

5. Linealförmeg                                               Fiecht, Thymian

6. Nôleförmeg                                                 Lärch, Wakelter, Siewebâm.

7. Herzförmeg                                                 Eselsfuess, Hirschzong, Lannebléder

8. Niereförmeg                                                Gundermännchen

9. Pfeilförmeg                                                 Wellkuer

10.Spiessförmeg                                             Stechâpel, Datrua stramonium

 

 

Bei der Benervung fum Blât önnerschéde mir 3 Hâptzorten

1.   Streifennerweg

2       Astnerveg

3.  Fangernerveg                             Sanikel, Fünffingerkraut.

Beim zesumme gesâte Blâat ennerschéde mer

1. Gefiedertes

2. Onpuereg

3. Puereg, duebel an dreifach gefangert z.B. de Käschtebâm.

Dann önnerschéde mir t’Stellung fun de Blieder.

Mei Blieder op gleicher Héicht:           = Géigeständeg

Kreizweis iwerenén:                            = Kreizständeg

Quirlständeg:                                      = wa méi wéi 2 Blieder op gleicher Héicht stin

Wiesselständeg:                                   = wann t’Blieder nëmmen no 2 Seite kucken

Zersprét:                                              = wann t’Blieder no alle Richtunge kucken.

 

T’Blieder ennerleien och engem Spiralgesetz.

T’Dauer fum Blâat

Déi méscht fâlen den Hierscht. Da sin se Summergreng.

Wann se de Wanter greng bleiwen: Wantergreng (Walddestel, Wakelter asw.)

Niewenorgan fun Stengel a fum Blâat

1 Ranken                                 e stengelarteg Gebild - Stengelranken bei der Drauw

                                                           Blâatranken wann sie um Blâatstill sech entweckelt

2. Där                                      Sauerdâar, Schléiwendâar, Weissdâar, asw.

3. Stachelen                             bei de Rousen

4. Hoer op dem Blâat,              bei der Schwarzbeer, Hambeer

5. Drüsenhâar déi eng apart Flëssegkét enthâlen,        weiss Brennessel.

E bësche Geschicht fun Blâat

Wofir esou fill Zorte Bléeder? Wofir esou vill Formen?

Wofir gleicht ké Kraut dém âneren? Do losse mer e puer dichteg Forscher schwätzen.

 

Cesalpino: 1516-1603. E réimeschen Dokter behâpt, de Wuestem fun de Bléeder entsteht an de verschiddenen Gewebeschichten fum Stengel.

 

De Jungnis: 1527-1657. berühmten Botaniker sét, dass Gestaltung fun de Keimblieder, aus sech, lues a lues a verschidde Formen bilden.

 

De Linné: 1707-1778, Botaniker behâpt démno Nahrung, démno Lâf, a kurze Wieder.

 

            Déi ganz Geschicht fum Blâat ass ons keng Iwerzégung, et ass nömmen eng Mutmassung. Net direkt bewiesen. Da streiden nach âner Forscher wéi: Wolff, Goethe, Göbel, Westermaier. Steinzeit an Tertiärzeit léieren ons, datt alles fun Ufank un do war, an net fun ongefeier kom ass.

T’Missioun fum Blâat am allgemengen

a)   Otmung fun der Planz durch t’Blieder

b)    Verdonstung durch t’Blieder

c)     Assimilatioun fun der Nahrung aus der Loft.

                                    

Et ass zwar richteg, dat de Stengel och helleft, awer 90% fâlen dem Blâat zur Arbecht. Do sin och verschidden Faktoren déi do awirken. T’Sonn oder de Schéed. Drechen oder fiecht, wandstöll oder Sturm. T’Gréist ass Festegkét fun der Planz, an déi verschidde Fest- oder Schnellegkét am Wuestem. Déi Bléeder, dé net un der Assimilatioun hellefen, sin och net greng. Bei déne Planzen, ass Nahrung nëmmen organesch Stoffer. Sie brauchen ké Chlorophyll.

 

Aner Fonktiounen fum Blâat.

 

-Kletterarichtung durch t’Ranken

-Schwammarichtung bei de Wasserplanzen

-t’Arichtung fir Zo’ufur fum Wasser zum Stengel an de Wurzelen.

-Ömbildung fum Blâatrand oder der Oberfläch ass Waff géint onnerwârt Gäscht.

T’Entwecklung fum Blâat

T’Blâat entweckelt sech ewei all âner Planzendéler aus enger Knosp. Opfälleg ass bei enger Knosp, dat fir t’eischt Blieder wuessen. Aus der Sômknosp wuessen Keimblieder, aus der Zweigknosp Blâadspetzen, aus der Bléiknosp déi schützend Hüllblieder fum Kelleg an der Kroun. Elo froe mir ons, woifir entstin aus dem Stengel oder den Zweigknospen fir d’eischt Bléeder? Dât ass awer liescht ze beäntweren. Eng Planz brauch eweé en Déier, Nahrung a Loft. Datt eischt bezitt t’Planz aus der Wuerzel. Den Zweig âwer bleiwt domatt zârt a géhlbléich. T’Sonneliecht kann et net verdroen. Duerfir fir t’eischt Schutzbléedercher. Dé wuessen am Hierscht schon. Wann dât âlt Blâat eroffällt, ass dat neit schon do. Am Fréijôhr, wann de Stroum fum Sâaft durch t’Atmosphère an t’Lucht gezu get, dann entweckelen sech Knospen a firwen sech durch t’Sonn lues a lues. T’Lucht an t’Loft sin Hâaptbedingungen duerzo. T’Lucht ass fir t’Blâatgreng, an t’Loft fir t’Assimilatioun. Fir t’ Ophuelung fun der Loft ass speziell t’Blâat do, de Sauerstoff aus der Loft ass eng Otmung an t’Kueleseier aus der Loft dengt zur Assimilatioun. Beim Opbau fum Blâat selwer, gett emmer fir d’eischt Gerüst opgebaut, an dât sin t’Nerven. De Rescht lagert sech dann un de Nerve fest. T’Entwecklung fum Blâat ass ganz komplizeiert. Bekucke mer emol eng Knosp fun onser Késcht. En énzelt Blâat oder villmée t’Umhüllung fun der Bléih verdéelt sech a siewen Gefässböndelen, a vervielfältegt sech esou gleichméisseg, fir esou sécher wé méglech desen Uspresch gerecht ze gin. Bei ânere Planzen, déi aus dem Buedem keimen, kent et fir, datt die éischt Blieder briechen, dann iwerhuelen déi Nieder- oder Önnescht Blieder déi Missioun fir sech durch ze setzen.

Wât ass Anisotropie?

Dât ass déi ongleichméisseg Ausbildung fun de Blieder.

Wât ass Anthokyan?

Blütenblau. Dât ass schold, datt Blâd ofstirwt. Awer am Fréijôhr och fun Notzen, fir de Chlorophyll géint déi sengent Sonn ze schützen. Wofir fâlen t’Blieder? Net duerch Kélt oder Hetzt. Nemmen durch t’Ausdrechnen fum Buedem, an op déi Manéier gett der Planz oder villmée der Wurzel t’Sâft entzunn. Sie muss awer onbedengt gleichméisseg erneiert gin, dann zitt t’Wurzel t’Sâaft aus de Blieder, an da stirwt t’Blâad of. Gett emol engem Blumestak net déi néideg Fiechtegkét, fâalen Blieder of, och am Fréijôhr. Ze bemierken ass: „Net all Blieder fâalen! Nôlen fun den Dënnebém, dem Wantergrengm der Walddestel. An den Alpen an bei ons am Eisleck fâlen t’Blieder op de Bierger éischter of wéi am Gudland.

Wât ass Chlorophyll?

T’Blâatsâaft an der Planz, ass ewéi t’Blut am Menschekierper. Rout a weiss Kirpercher durchschwammen eist Blut. Bei der Planz sin et Chlorophyllkärecher, déi bis an t’Blâat durchlâafen ewéi an onsem Härz. An enger Zell, déi jo verhältnesméisseg kleng ass, sin 20-100 Chorophyllkärecher. E bedeitenden Forscher huet festgestallt, datt aus enger Rizinusstaud op 1 quadrat Millimeter 92000 Chlorophyllkärecher kommen. Dofunnen können mir eis mam blo’esen  ké Begreff mâchen. Dé Stofft, woraus e Chlorophylkärchen besteht, ass de Protoplasma: E ganz komplizéierten Eiweissstoff, an Eisen. Dé Farbstoff ass nie eleng, d.h. getrennt fun de Kärecher. Dé Farbstoff kann liecht ôfgezun gin. Schneit emol jonk Blieder ganz kleng, bréet se dann am Wasser, lét dann déi ofgebréete Blieder a Weingéescht oder Benzin. Direkt fierwt den Benzin sech greng, an t’Blieder gin bléch, hell an duerchsichteg. Vun engem Quadratmeter Bléeder kritt en z.B. ½ Chlorophyll.

 

Randumierkung: Fortsetzung fum 19.7.1970

(En ontrügliche Beweis dass die Seiten nodreiglech vum Original nei bearbecht si gin fi den Här Kiefer).

Entstehung fum Chlorophyll

Sie ass bedengt duerch t’Lucht. Ons Gromperen am Keller, déi kengen weiss géehl. Brenge mer sie awer un Dâgliicht, dann formeiert sech an der Keng de Chlorophyll. Am emgekéierte Fall, forméiert sech de Clorophyll an Etiolin, an t’Planz gett erem ganz bléech. Dann erem an t’Luecht, verwandelt sech erem den Etiolin an Chlorophyll.

 

Wärmebedürfnis dât wellt soen, déi néideg Hetzt fir können ze wuessen ass z.B. bei enger Boun, 6 Graad, beim Graas 1,5 – 3,5 Graad, bei der Lärch 0,5 bis 25 Graad.

Wât ass nun t’Bedeitung an Aufgab fum Chlorophyll

Déi Frô ass bis elo nach net geléist. Forscher well ech zitéieren, déi sech matt dér Frô beschäftegt hun: Stephan Hales (1727) Bonnet (1754) Priestley (1771) Jean Senbier /1782-88) Jungen Hauss (1796). E richtegt Beispill ass mir bis elo onbekannt.

Esou ass et och mam Farwstoff fun enger Planz

Den Daubruy, den Draper, de Pfeffer, de Sachs an nach aner Forscher hun sech domatt beschäftegt. T’Botaniker nennen t’Chlorophyllkären ons déglecht Brout. Wann déi Arbecht fun der Assimilatioun fun den Planzen émol gief ophéieren, dann hätt fir all Wiesen déi lescht Stonn geschloen. Nemmen Chlorophyllkärecher können déi anorganesch Stoffer an organescher ömwandelen. De Mönsch an all Déier sin un déi Arbecht fun der Planz ugewiesen. Matt wât fir enger Vitesse gett an déne Fabrekken geschafft. Dâag an Nuecht. Am Dô, wann t’Liecht do ass, da gin aus der Kouleseier, der Loft Kuelehydrate, Stéerk an Zocker fabrizéiert. An der Nuecht gin déi Stoffer weider geléet bis an t’Wurzelen fun de Planzen. E Beispill: “An 10000 Liter Loft sin 4-5 Liter Kueleseier, am Gewicht fun 8- 10 Gramm. Dofun sin 8/11 Sauerstoff an nemmen 3/11 oder 2 g. Kuelestoff. Eng Enzeg Dënn, am Besch fun 50000 Kilo Dreschegewiegt enthällt 2500 kg Kuelestoff d.h. de Bâm muss 1.250.000 x 10000 Liter Loft fun der Kueleseier befreit oder emgesât hun, fir un dât Gewiecht ze kommen. Nô dem Forscher Brown, hellt eng Planz an enger Stonn op 1 Meter Blâatfläch 1 Gramm u Gewiescht zô. Dât Zohuelen fum Gewiescht berout op der Bildung fun Kuelenhydraten, déi durchschnettlech 1,55 g oder 755 cm3 Kueleseier verlângen. Dât alles muss fun dem Quadratmeter Blâat aus der Loft gezu gin, déi nemmen 3 Déeler Kueleseier fun 10000 Déler enthällt. Dât ass eng immens Arbecht.

Wén kommandéiert dé Betrieb?

Dé gréisste Feind fun den Chlorophyllkären ass t’Liecht. T’Liecht ass zwar fir t’Bildung fun den Chlorophyllkären néideg awer och zevill Liecht ass schiedlech. Beobachte mer emol t’Eech, t’Rous, Drauweblieder an de Wengerten: Routbrong Blieder. Wofir? Well t’Bildung fum Chlorophyllkären net am Verhältnis ass fum Liecht, dât op se awierkt an elo op der âner Seit ass erem dé routbronge Fârwstoff e Schutzmöttel gént giehl Lichtstrahlen. Dé matte Lichtschimmer, dén nach an den Zellschichten ass, an erakönnt, dé genügt nach fir Chlorophyllkärecher ze bilden, an no enger kurzer Zeit hun sech Blieder erem erholl. Déi brong Fârw ass fort an Bléeder sin erem greng. An ânere Fäll, bei der Blutbuch, der Héselnoss, der Berberitz, do iwerhöllt e rouden Zellsâft déi Schutzmettelroll an der Iwerhaut. Bekucke mir nach e Geraniestack hanner enger Glasfenster.

 

(Randumierkung – Ende dieser Folge - Fortsetzung folgt)

 

En zwéte Feind fum Chlorophyll sin Planzeseieren.

 

Die sin an all Zell ze fannen. Fir dât awer esouvill ewéi méglech ze verhönneren, sin all énzel Kärchen matt engem Protoplasma verkapselt. Bei den Dännebém, do ditt den Terputéin, de Chlorophyll zerstéieren, wann dât net de Fall wir.

Nach eppes iwer t’Eisen an der Planz!

All Planz hellt Eisen an sech op, wât am Wâaser enthâlen ass. Déi wichtegst Ablagerungsorgan fum Eisen, ass de Sôm an t’Blieder. T’Eisen ass nemmen indirekt néideg, fir de Chlorophyl ze bilden. Wo’ soll nu Planz t’Eisen hierhuelen? Dat ass awer namol durch t’Schöpfung esou agericht datt dâat ganzt reibungslos funktioneiert. Op der ganzer Erd ass Eisen a minimale Spuren. So vill ewé eng Planz es braucht, do wo’ se stét. An organescher Substanz ass et jo net vill ze fannen, awer an anorganescher, masseg. Fir doriwer ze schwättzen, misste mir nach Chemie fun de Planzen studéieren. Da kimme mer nach zu kengem richtegen Beweis, wo’fir, a wé eng Planz all déi Stoffer assimileiert.

2. Déel.

 

Blâatârten

 

Niederblieder bei éjährege Planzen. Gréng Blieder. Eng éjähreg Planz huet keng Zeit fir bléech Nidderblieder ze bilden. Sie muss schaffen fir t’Knosp, t’Bléih an de Sôm ze entweckelen.

 

Niederblieder bei méijährege Planzen. Dé dreiwen önnerirdesch Knospen, a schützen Planz oder t’Wurzel, scho fir t’näxt Jôhr. Sie suergen och fir déi éischt Nahrung. Sie brauchen kén Chlorophyll.

 

Deckblieder sin nemmen e Schutzorgan.

 

Nieweblieder. Spillen eng grouss Roll bei der Entweckelung fun der Knosp, wât Beliechtung ubelangt. Ass hir Missioun erföllt, fâlen sie méschten ôf. Bei der Éech a Buch gesin mir dât schon ufanks Juni. Mir mengen dann et wir Bléiestöpps. Am Hierscht iwerhuelen déi Nieweblieder, die hänke bleiwen, direkt t’Missioun, fir déi nei Knosp ze schützen.

 

Blâatdéeler

 

T’Lâf bestét aus der Fläch, dem Still, an der Schéd. De Still an Schéed können och fehlen, wann sie kén Zweck hun. Wât ass nun den Zweck fun der Fläch? Fir matt der Atmosphär a Kontakt ze kommen. Sie huet zwou Seiten an zwou verschidde Farwen. E verschiddenen Zweck fir t’Assimilatioun. Den éweschten Dél fir Assimilatio’n, den önneschten Déel für t’Ausdünstung an de Gâsaustausch. Dât ass eng wichteg Missioun, well domatt hängt och t’Sâaftbewegung am Blâat of. Planzen déi am Schied oder am Fieschten wuessen, déi hun donkelgrengt Lâaf. Dât zerspréte Liecht am Bösch, dât muss richteg ausgenotzt gin. Dofir sin déi Blieder och verhältnisméisseg mé brét, ewéi déi, déi am Liecht direkt stin. Pestwurzel (Petasites) oder wé mir soen, de wölle Rhubarb, dé kritt oft meterbréd Blieder. Planzen op de Fielsen, Dréescher, an eso weider hu schmuel Bléeder, fir dass hir Verdonstung net soll esou grouss sin. Dann hun déi Planzen nach eng âner Waff géint Ausdonstung. Sie si gefirnist, liederarteg, fetteg oder mat klengen Häarcher bewues, déi t’Blâat schützen.

 

Nu wéi ass et da matt de Wasserplanzen? Déi hun och brét Blieder. Dô léeft t’Ausdonstung paralell mat der Opsaugung fum Wâsser, ewell t’Blâat jo op dem Wasser leit.

 

De Blâatstill.

 

Ass ganz önnerschiddelech. Bâal lâng, bâal kurz. Oft dönn, dann erem stärk entweckelt. Beim Fâr esouguer mat enger Bastschicht verstéerkt. Am Still lâfen t’Gefässbündelen zu engem Stronk zesummen, ronn eckeg, oder rilleförmeg. Sie hun och déi Missioun, fir t’Nahrung, déi Blâad ophelt, weider bis zur Wurzel ze léden. Studéiere mir emol t’Reizbewegungen fun engem Mimoseblâat! Kucke mir verschidde Planzen muerges am Dâ, an der Mettesstonn, an ôwes, wann t’Sonn önner gét. Mir machen dann interessant Feststellungen a Bezug op t’Richtung fum Blâatstill mam Blâat. Eng interessant Feststellung gesi mir bei der Peppel. T’Peppel wiest nemmen am morastesche Bueden, oder no beim Wâasser. Transpiratioun ass démentspréechend grouss durch t’Bléeder. De Still hei fun de Blieder ass lang an denn, mä ganz élastesch. En Hauch fu Wand, dét Blieder scho wibbelen. Eppes wât wibbelt drechent och emmer séier. T’Ulmen, t’Äschen hun dât net. Sie hun dofir Wâsserspalten, wou t’Wasser besser verdonste kann. Déi Rispen gesi mir och bei der Peppel wann Bléeder nach jong sin, an nach net ziddere können.

 

T’Blâatschéd.

 

Dé muss t’Blâat mam Still verbannen. Sie ass oft Turteförmeg em de Still gewues. Dât huet sein Zweck, den fir den Dâ nuets opzefänken, an esou firun ze léden. Bekucke mir ons Doldebléeher an onst Grâs, da gesin mir allerhand interessantes. Dô huet Blâatschéd allerhand Missiounen. Emol fir ze schützen, dann erem fir t’Nahrung wieder ze léeden an esou weider. Bei de Lilien, der Aspidistra, der Clivia, do sin t’Blieder anenén geschachtelt fir déi jong Blieder ze schützen.

 

Randumierkung: am nächste Bréef 31.1.1970

 

Dé iewescht Haut fum Blâat.

 

Dé ass an hîrem Bau, no hirer Bedeitung déels als Festegkétsmettel, déls als Regulator fun der Transpiratioun, an dem Liecht gebillt gin. Sie ass oft durchsiechteg, fett, deck, léederarteg, schmuel, hârt oder mell, demnô, wé sie dem Wand an dem Wieder ausgesât ass. Eng Wâasserplanz z.B. huet keng esou deck Blieder, wéi wann se um Land wiest. De Ranunculus aquatilis (Hunnefous) de Myosotis palustris (Vergissmeinnicht) als Beispill. Dôdurch ass et ze verstoen, dat Transpiratioun erlichtert oder erschwéiert gett. Dann ass t’Blâat och de Regulator fum Liecht an de Wâasserréservoir. Wofir dé Arichtung? Wéi ass nun Stellung fun de Blieder, a wât fir en Zweck hun sie?

 

Blâatstellung

 

Interessant ass de mathematesch gené ausgerechent Stellung fun de Blieder. Esou e grousse Botaniker wéi den Darwin sôt zu dem Botaniker Gray aus Amerika: „ Wann dir mech fum Doud errette wöllt, da sôt mir woufir t’Blâatstellungen, wenkelarteg, am Verhältnis zu ½, 1/3, 2/5, 3/8 virkommen an net anescht. Dât gét duer fir de gescheite Mönsch verreckt ze mâachen. Wât fireng Bedeitung huet elo t’Blâatstellung? Bei allem Wössen, ass t’Symmetrie beim Opbau ganz wichteg. Dât ass ons all verständlech. Bei der Planz ass et och esou. T’Ausnotzung fum Liecht, de Widerstand am Wuessen, t’Gleichgewicht fun der Lâast, de Bléeder auswirken, an esou weider (Blâatrosetten, Dennebém). Wât könne mir gesin? Déi önnescht Bléeder am Verhältnis zu dénen ieweschten. Entweder sin déi ennescht mé grouss oder méi kleng ewé de iewescht. Entwidder fahlen dé önnescht of, oder sie wuessen méi grouss. Dé Gesetzméissegkét an der Blâatstellung weist sech net nemmen bei dénen ausgewuessenen Blieder. Mir gesin dâat schon bei der Knosp, wou t’Liecht nach net zur Wirkung kent. Wé könne mir dât erklären? E bedeitende Forscher behâapt t’Blâatstellung wir op t’Belichtung zreck ze féieren, an dât wir wonnerbârer Weis schon esou an der Knosp bestömmt. Déi Plâatz, wo’ e Blâat soll wuessen, hängt secher net fum Zoufall of, oder si mir net déer Usiicht? Dât leit ganz bestömmt an der markanter Idee fum Schöpfer, nodém et héescht, datt all Kristall oder Planz, wé et erschâafen oder agericht ass, sein Zweck an seng Bestemmung erfölle kann. Dé wonnerbâr Zweckméissegkét, déi sech iwerall weist, deit drop hin, datt den Urheber fun der Natur an hirer Arichtung, kén âneren ka sin, ewé onsen allweisen Schöpfer. Dofir zerbrichen ons bedeitend Forscher sech de Kapp, sie kommen op allerhand Idien, si hun net de Mut, fir anzegestoen, dass mé e gescheite ewéi sie, dât alles esou erschâfen huet. Speziell déi Forscher déi net chreschtlecher Uschauung sin! Dach ass et awer kloer, eng Verwiesselung ass net ubruecht, wou Tatsachen doleien. Nemmen well én dé Tatsâchen légnen, ewell sie nun eben zu onser Härgott féere géif?

 

Randumierkung: Nächster Bief am 24.12.1970.

 

T’Wâasserplanzen

 

T’Wâasserplanzen ze studeieren ass och ganz interessant. T’Upassung fun de Bléeder un t’Wâsser an esou weider. Eschtens wé stét dé Planz zum Liecht? Liecht fällt ungefeier 90 Meter deif an t’Wasser. Un der Küst fum Mier, könne mir gesinn, dât do och nach greng Planzen wuessen. Nemmen et ass festgestalt, datt an 30 Meter Déift och nach Chlorophylhalteg Planze wuessen. Domatt verstin mir, datt t’Planzen aus den Deiften fir ons wertlos sin. Nemmen mé déif sin och nach Planzen, dé die anorganesch Stoffer assimiléieren, obschon é bei déne ké Chlorophyll geseit. Wéi huet sech do déi Planz gehollef? Déi schéinsten Blummen an dem Mier héschen Floridéen. Si hun op hiere Oberfläch eng rout Fârw (Erytrophyll) dé kräfteg phosphorezeiert. Sie saugen déi gebrachen Strâhle fum Wâsser op, verwandelen se a mé stârker, an notzen op dé Manéier der Plânz zu enger Chlorophylmeschung, an esou ass fir Assimilatioun gesuergt. Och geseit én wé z.B. de Miertang an t’Algen ganz dënn Ästecher bis op T’Oberfläch wuesse lossen., fir op déi Manéir, der Planz dén néidegen Sauerstoff zou ze féieren. Dé léft dann durch déi dönn Sträng bis un t’Hâptplanz. Déi Blieder suergen dann och fir Transpiratioun. Versetze mir de Planzen an eng kleng Bâch, da wuessen hinnen schon keng Ausléfer mé. Bei déne Planzen önnerschéede mir zwéerlé Blieder: „ Schwammblieder a Loftblieder“. De Blâatstill bei déne Planzen ass ganz dem Wâasser ugepasst.

 

T’Loftplanzen

 

T’Lôftplanzen dé op de Bémn wuessen, zeien hir Nahurng méschtens aus der Fiechtegkét fum Bâm, wou se drop wuessen. De Moos an t’Algen können och bei grousser Drechent verdrechnen. Awer bei dem Niewel oder Dâ schon nés opwuessen. De Blieder fun déne Luftplanzen fällt keng grouss Missioun zo. De Mestel, dé gitferén kennt, bezitt seng Nahrung méschtens aus dem Stamm, wou hien drop wiest. Well mer t’Tropeplanzen net genügend studeiere können, well ech nömmen drop hiweisen, dat déi Planzen zu 80% aus Wâasser bestin. Hier Blieder sin méscht fläscheg a liederarteg, esou dat Verdonstung ganz lues fir sech gét. Déi Planzen, déi mir do am beschte kennen sin ons Kaktussen.

 

T’Alpeplanzen oder die nordesch Planzen

 

Dé zwou Zorten sin sech bâl gleich. Allen zwou widderstin der Witterung, durch hire gerengen Wassergehalt. Sie verdroen am Verhältnis fun onse Planzen um flache Land Temperaturen fun 20-25 Grad Kélt, woubei dé um flache Land da schon erkâalt sin. Da sin se jo och nach geschützt durch de Schnéi. De Sôm fun déne Planzen huet och eng bastarteg Haut, dé hien fum Freieren schützt. Wât nach interessant ass: Alpenplanzen sin durchwegs niedreg. Sie hun mam éiwegen Schéi scho Schutz genuch. T’Birken an der Arktis gin z.B. nemmen 12 cm grouss. Hei könne mir dât och feststellen, an der Schneifel an um Héige Fenn. Sie sin zwar méi grouss ewéi 12 cm, awer net am Vergleich zu onser Birk hei. Déi âner Vegetatioun ass an der Eifel och dem Klima ugepasst. T’Wisenhäng an de Bierge sin am Fréjôhr eng Pracht. Nemmen Schlösselblummen a Krokussen. De Frauenmantel (Alchemilla) lét sech op de Buedem, well de Buedem méi wârm ass wé t’Loft. Dann ass t’Loft an dénen verschiddenen Héichten och verschidden, an zu gleicher Zeit Fiechtegkét an der Loft. Déi höllt bekanntlech an den Héichten ôf. T’Loft gett ömmer mé dënn. T’ Bewölkerung an de Bierger ass méschtens och verschidden Krankhéten ennerworf, déi um flâche Land ganz séle sin. Den Halskrapp, z.B. Dât berôut op dem Fiechtegkétsgehalt an der Loft. An den Alpen kann én sech nâkeg an de Schéi léen, ouni sech ze erkâlen. Probeieren mir et awer net hei. Bei déne Planzen an den Alpen, do gin t’Blieder eng schleimarteg Substanz fun sech. Dât verhönnert eröm d’Ausdonstung. Bekucke mir e Blâat vum Enzian (Gentiana alpinum). Dann déi Planzen déi de ganzen Wanter greng bleiwen, hun op der önneschter Seit fum Blâat eng blôlech Fârw. (Erytrophyll). Sie zéien domadden déi donkelwârm Strahlen un. Dât können mir och schon bei ons am Eisleck studeieren um Moss an und de Flechten

 

Randumierkung: Näschter Brief 24.1.1970

 

T’Planzen an Déieren.

 

Dât Thema ass grouss, an ech well et nemme kurz beschreiwen. Wé de Planzen, dé mir kennen, sech géint Déiere schützen. All Planz ass schliesslech dô fir de Mensch an fir Déieren. Hier Blieder sin esou säfteg. Et ass fir t’Déier, wât fir ons Zalot ass. Wât mische mir ouni Grâas fir ons Béischten? Gewess, Planzen sin awer zu hierer Erhâlung, an den Fortbestand oder villméei hir Gesondhét op hier Blieder ugewiesen. Dofir mussen sie sech selwer gént de Frâass fun den Déieren schützen. Et ass jo net wichteg, wann e Blâat oder dât âanert ofgebass gett. Datt gett erem ersât, awer déi grouss Mass, muss bleiwen. Déi Schutzmöttel fun de Bléeder sin oft méchanescher oder chemescher Naturf.

 

Zu dénedne Eischten, dé hun eng hârt, liedereg verkallekt oder verkieselt stacheleg, däerech oder pechech Iwerhaut, an dann hir Unhängsel sin dicht Hôr oder Brennhoer, zu déne leschten, déi gin un hiere Blieder eng Flëssegkét fun sech, déi entweder Seieren, Gierwstoffer, äthereschen Ueleg oder esouguer Geftstoffer sin. Sou z.B. gin t’Brennesselen nie fun den Deiere gefriess. Och t’Blieder fun der Taubnessel (Lamium album), fun verschiddenen Campanullen (Klacckeblumm). Bekucke mir eis Kichekreider. Wiefill gin der fun den Deiere gefriess, wann se am Freie stin? Den Thymian, t’Johanniskraut fir der e puer ze nennen. Am Esleck gesin mir ganz Bierger, eng Blum un der âner, an et ass keng Kôuh déi se fresst.

 

Déi mechanesch Schutzmëttel.

 

Dât sin Dären an Stachelen. De wölle Bîrebâm, de Spakelter, de Schléwendâr. Stechpalm. Bei déer leschter hun ech festgestallt, dat bei héige Gestreicher, dé önnescht, wou De’eren dru réchen, nemme stacheleg sin. Déi Iewescht sin ganzrandeg. Do sin vill âner Planzen esou. Den Hauhechel (Anonis spinosa) huet och nëmmen Där, iwer dem Buedem. Wann t’Kouh dru kennt, gét se mat der Maul ewech. Bekuckke mer emol Destelen um Feld. Déi vieleg Zorten. T’Stachelplanzen gin fun de Botaniker op 500 verschidden taxéiert. Da sin och Nôlenhölzer, eweé de Wakelter. (Junpiperus) den Thuya, de Siewebâm, an esou wieder. Eng interessant Geschicht. Gött enger Géés, Taubnessel am Dâg. Sie gét net drun. Gett hier se an der Nuecht, da fresst se se begierlech well se dann net geseit op sie pickt oder net. Sie gleicht am Dâg der Brenndestel (Lamium ursinum). Nach eng Waff ass den äthereschen Ueleg an dem Geranium, am Peffermenz an nach bei âner Planzen.

 

Déerewelt zu der Entwecklung fun der Planz

 

Dé fun de Deieren ausgestoussene Gas durch Otmen a fun den Extrémiteiten verbessert de Buedem. Dann déi Planzefriessend Planzen, déi Insekten „verschlecken“ 400 Zorte sie bekannt. De Sonnentau (drosera) z.B. Déi Planzen mussen Fléesch fun den Déiere hun fir hiren Opbau. Interessant sin och Milbeplanzen. Bekucke mir am Summer ons Lanneblieder. T’Ameiseplanzen. An engem Ameisennascht gufen an engem Dâg 100.000 Insekten verdillegt. Liese mer emol e Buch iwer t’Ameisen. La vie des Fourmis (Maetterlick). Den Adlerfâr ass z. B. eng Ameiseplanz, ânerer sin nach de Spargel, verschidden Zorte Lilien. Saubounen, de Hélenter, Peischtrous, de Weisdâr an esou wieder. Zu enger Zeit get dem Déier gedenkt, an zu der ânerer Seit bleiwt munche Kär irgend wou leien, a fir Vermehrung ass gesuergt. Mir fassen dannt’Liewe zu den Planzen an den Déieren an dém Sâtz zesummen: „Et ass esou agericht an der Natur, dat all Wiesen sein Undél kritt, wann de gescheite Mönsch net mat sengem Besserwessen derzweschent greift. Déi Hand déi dât alles lét a féert ass mé mächteg a gecheckerlech wé dé fum Mönsch. Mannegfaltegkét fun der Form, a fun der Stellung fun der Planzeblieder si mir nu eben zur Verschéinerung fun der Natur do, an t’Natur gét dem Ideal och nô, an dô scheitert all Klughét fun den Atheisten.“

 

Randumierkung: Der nächste Brief.

 

T’Blé fun der Planz

 

Begreff: T’Bléi ass e klengen, matt égentümleche Bliedercher besâten Zweig, mat der Bestemmung, déi nei Fruecht ze bestömmen.

 

Déeler: Déi vollständeg Bléi begreift 4 Déler:

 

1. Staubgefässer oder Pollen

2. Stempel

3. T’Kroun

4. de Kellech

 

-a) Vollstänneg Bléien, wann all 4 Déler do sin

-b) Onvolltstänneg Bléien, wann én Dél félt

-c) Egeschlechtlech Bléien, wann é wésentlechen Dél félt.

 

Beim Fall c) nenne mir se Staubgefässbléien, wann nëmmen Staubgefässer do sin.

Stempelbléien, wann nëmmen én Stempel do ass.

 

Déi eigentlech Bléien sin entwidder

 

a)     einhéfeg wann T’Stempel a Staubgefässbléihen getrennt oder allen zwé op derselwegter Bléih virkommen.

b)    Zwéhéfeg, wann de getrennte Stempel a Staubgefässbléihen och op verschidde Bléien verdélt sin.

c)     Zwitterbléien oder zwégeschlechtlech Bléien, wann zwé wésentlech Déler an enger Bléi do sin.

d)    Polygonesch Bléien, wann Zwitterbléien an égeschlechtlech Bléien an enger Bléi do sin.

e)     Onfruchtbar Bléien, wa keng wésentlech Bestanddéler vun der Bléi do sin, z.B. bei ganz geföllt Bléien.

De Kellech

De Kellech ass den baussenden Dél. Krés fun der Bléi, an ass do fir déi önnescht Déler ze schützen.

T’Kroun

 

T’Kroun ass den zwéten Krés fun der Bléi. En ass méi zart gebaut ewéi de Kellech. Et get én- an méibliedreg Arten.

 

Eénbliedreg .

Do önnerschéde mir 3 Déler.

  1. De Rand
  2. De Kanal, den öneschten Dél an

 

Do ennerschéde mir erem regelméisseg an unregelméisseg Formen.

  • Rouerförmeg - Flockeblum
  • Radförmeg - Hélente
  • Tellerförmeg – Nélchesblumm
  • Trichterförmeg – Wanneblum
  • Zangeförmeg – Bettsécher

 

Zwélippeförmeg ass de Salbei an de Ginst

 

Regelmässeg oder        Rousenarteg sin t’Rousen, t’Erdbier

                                    Kreizförmeg de Wisseschaumkraut

                                    Nelkenarteg t’Oiellets.

 

Onregelméisseg. De Ginst, t’Erdbier, Wicken, Saubounen, Akazienbléien.

 

T’Niewenorgane fum Kellech a fun der Kroun.

 

Niewenorganer sin t’Niewekroun; Spôr; Hängech Drüsen; Niewestëpsfiedem.

Staubgefässer

Bestin aus Stöpsfiedem, de Stöpsbeidel. Da können si zwémächteg, véiermächteg, ébriedereg, zwébriedereg, dreibriedereg, vielbriedereg an och Gesellschaftsbléier sin.

De Stempel

Ass dem bannenzechten Krés fun der Bléih. Hie besteht aus 3 Déler.

  1. Dem Fruchtknuet
  2. dem Griffel

De Bléiestand

Ass Verénegung an Onurdnung fun de Bléien an engem Zweig no bestemmte Gesetzer.

Déi wichtegst Bléiestänn sinn:

a)     Äecht: bei der Kärefrucht, dem Wegerich

b)    Kätzercher: Bei der Hieselnoss, dem Nossbâm, de Weiden

c)     Dolden: Bei der Kuckucksblum, Méreischen

d)    Zäpfchen: Bei der Dänn, dem Happ

e)     Drauw: Ehrenpreis, Preisselbier, Môlbier

f)     Doldendrauw: Bierekâscht oder Kresson

g)     Keppchen: Nelchesblum

h)    Kirfchen: Bettsécher, Margretchen, Ziegenbârt.

i)      Griffel: Hornkraut

j)      Kélchen: Bei de Kleizorten

k)    Rispe: Bei der Huewer, Göscht an esou weider.

Bestäubung

Forscher wéi den Rudolf Jakob Camerarius 1665 – 1721

Gottlieb Koelreuters 1732 – 1806

Konrad Sprengels 1750 – 1816

 

Dann den Darwin, den Hildebrand, den Hermann Müller, den Axell, de Kerner, den Delpino, de Waming, de Kurth, de Löw, de Ludwig an nach vill aner hun sech mat der Frô Bestäubung beschäftegt. Nô der Léier fun déne Forscher bestéht Missioun fun der Bléih, eng Frucht ze bilden. Dât kann awer nëmmen geschéien:

 

1.durch Bestäubung

2.durch Befruchtung.

 

De Kellech an t’Kroun hun eigentlech net fill Zweck. Sie mân eigentlech nemmen dé néideg Reklam fir déi Insekten, dé dann gesin wou eppes fir hier Maul ass. Sie kommen masseg, jidfereng nô hierem goût. Dén én huet gär batter, dén anere gäre séis. Da geschitt nach durch der Wand: Wandbestäubung, Wasserbestäubung, Insektebestäubung an dan och nach durch Selbstbestäubung.

Wandbestäubung

Dé hun mir bei den Nôlenhölzer, Eechen, Buchen, Birken, Erlen, Peppelen, Héselter, Nesserten, Môlbeer, Platanen, Palmen, Grâs, Hallefgrâs, Lensen, Binsen oder Jenken, Hanf Happ, Brenndestel, Wegerich, déi verschidde Laichkraider an nach âner, gin méschten fun dem Wand bestäubt. Verschidden âner déi Hunneg droen, gin fun den Beien bestäubt. Wann awer fill Loft ass, félen Beien an Insekten, ass Wieder roueg, da sin sie erem dô, dann ass méechtens t’Bestäubung geschitt.

Wât verstin mir ënner Pollen?

Drechene Stöps. De Wand jét hien wuer hie wöllt. Dât âner ass da begreiflech. Milliarden Kärecher fléien durch t’Lucht. T’Hand Gottes lét se zu hierem Zweck.

Staubgefässer

Sin no der Usiecht fun de Forscher neischt anescht ewei emgeformt Blumeblieder. Wât ass t’Ursâch nun fun der Umformung? T’Staubgefässer a Stempel hun sech net eréischt am Lâf fun den zeiten entweckelt, aus de Blumeblieder, wéi behâpt get. Nén sie sin nédeg fir t’Bildung fun der Fruecht. Et ass dann och verständlech dat Staubgefässer an de Stempel scho fun Ufank un do wâren oder sin. Wé kann beweisen dat et soll anescht gewiescht sin. Fir t’Bestäubung durch de Wand, ass de Staubfuedem do. Dé geréit bei Loft ann eng zidderarteg Bewegung an da fällt de Bléiestöps erof oder fléit durch t’Lucht. Bekucke mir eng Wiss, wa geméit get. Oder e Besch am Mé, wa fill Loft ass.

T’Nârw

De Bléiestepps setzt sech dann op t’Nârw fun enger anerer Bléih. Verfollege mir de Gang. A fille Fäll, fällt de Pollen fir t’eischt op eng Dreche Plâtz, wou hier leie bleiwt, bis dat de Wand hien erécht. Da bléist dén hien fort, an t’Ongewesst. Dât ass esou agericht bei verschiddene Planzen, dat et groussarteg ass nozekucken. Wann de Pollen net als énzege Kär verfléien, dann hun sie och nach déi néedeg Arichtung, dat sie eréischt önner Wé de Bléestöps entweckelen, an dann önnerwé ausschéeden. Et gief zefill Zeit banspruchen fir dat gené ze schilderen, mir léeren dat aus dem prakteschen. Bei de Käschten, der Weid, der Fiecht, dem Wakelter an esou wieder. Et ass dann och ganz komisch festzestellen, datt de Bléestöpps net önner Wé opgehâle gett. Dât ass alt erem eng Bestömmung, déi e Rätsel fir ons bleiwt. T’Bléi ass bei dene méschte Planzen firun de Blieder do, soss giefen dé hönneren, dat de Stëps konnt fortfléien. Da gesi mir, dat de Bléiestöps wéi eng Wollek an t’Luecht flitt, an dann sech lues a lues erem nidderléist, wéi den Niewel, an dann ass keng Nârw déi net hier Portioun ofkritt. Ech schwetzen elo selbstverständlech, nömmen fun den Wandbléier. Ech hun ugangs jo bemierkt, dat Bestäubung, och durch Insekten an durch Wasser virgeholl gett.

T’Kroun

De Wandbléieg Planzen hun och nie léweg a richeg Bléen. An da sin dé Bléien och méschtesn ouni Huneg oder arm un Huneg. Hir Blieder sie meschtens kleng. T’Insekten dé uechten se net vill. T’Insekten déi giefen an dém Fall mé schueden wie notzen.

Wâsserbestäubung

Dé ass ähnlech ewé bei de Wandbléier. Nemmen ass de Pollen esou erschâffen, dat hien op dem Wâsser schwamme kann, wann hén net direkt seng Wielplâtz fönnt. Bei grousse Planzen greift eng Blé an dé âner, oder sie gött richteg erbeigezun, bis dat den Zweck erréscht ass. Dât dauert oft Déglang, bis dât errécht ass. An de Môoren sin et oft Insekten déi déi Missioun iwerhuelen. Och Peiperlekken sin do interessant.

Insektebestäubung

T’Insekten sin nömmen Daseinsberechtegt durch Planzen. Sie liewen nemmen dofun. Vill Blumen hun eppes un sech, wât entwéder den Insekte schmâcht oder wât si unzitt. Ass nun hier Scheinhét oder hire Geschmâch? Op déi Maneier iwerdroen si de Bléiestöps oder de Pollen fun enger Blum op déi âner. E Forscher huet de Versuch op 310 Planzen gemach an sie mat engem Pinsel bestäubt. Eng gleich Zuel huet hien den Insekten iwerloss. E gleicht Resultat op zwou Seiten, obschon Bestäubung fun den Insekten durch schlecht Wieder verhönnert wuer. Mir kennen och Planzen déi nömmen durch Insekten bestäubt oder befrucht könne gin z.B. Tulpen, Iris an verschidde Kléisorten. Wéi könne mir ons dann die Bestäubung firstellen? Dât wichtegst ass t’Insekt. Dât ass esou erschâffen, datt et un de Fées an dem Kierper ganz zart Häercher huet. Hatt léft oder trëppelt iwer t’Narw fun der Blé oder iwer Stöppsfiedem weg. De Bléiestöpps bleiwt un dénen zarten Härecher hänken, op enger ânerer Blum nés verschmiert oder verluer, an esou gét Bestäubung oder Befruchtung fir sech. Mir önnerschéeden dann net eleng Insektenbestäubung och Schlékebléier an Vigelbléier. De Kolibri nährt sech nëmmen fun Blumenhinneg. Wéi nu Insekten beschâfe sin, gehéiert op eng âner Plâtz. Bekucke mir dât an der Natur selwer, a studeiere mir dât op der Plâtz. Käferen, Mecken, Peiperlecken, t’Beien an t’Ameisen.

Iwer T’Lockmettelen fun de Planzen

Welle mir festhâlen, dat bis elo 500 verschidden Gericher bekannt sin. Wéi nun Insekten drop réagéieren, ass e Kapitel fir sech. Et ass eng Bestömmung fum Schöpfer, dat en Insekt net op all Bléi fléit, nén, nömmen op bestemmten Zorten, déi him zousoen. Kucke mir émol enger Hummel no!

Wéi lang dauert de Prozess?

80 Dég mat déglech 3 Stonnen. Dat ass awer alles op den Afloss fum Wieder ze bestömmen. Wéi dréit sech nun Planz datt t’Insekt se geseit oder de Geroch kritt? Ass dât gewollt oder e Gesetz fun der Natur? Hei stin mir erem firun onsem Schöpfer, dén alles lét a féiert nô sengem Wöllen, dén nemmen Ségen fir t’Ménschhét ass.

Selbstbestäubung

Nodém Linnésche Prinzip gett et 20 Klassen Planzen, matt Zwitterbléien, bei dénen Staubgefässen an de Stempel, dé baussent Fortpflanzungsorganer bei enén verénegt ze fanne sin. E gewessen (Kerner) huet eng Vermeschungetheorie opgestallt a festgestallt, datt déi méschten Planzen sech selwer bestäuben. De Kerne nennt dât: Geitogami. T’Bestäubung gett do vollzun durch Loftströmungen oder Insekten. Awer och t’Bewegungen fun enger Bléi lanscht dé âner.

 

Stodéiere mir elo Vereinsbléier, Doldebléier, Köpfchen, Knäuel, Ähren an Drauwebléier. Wât stelle mir fest? Wéi gét Selbstbestäubung do fir? Durch de Wuestem, durch Andrechenen fun der Kroun, durch Biegung zouenén, durch Verkirzen, Verlängeren oder och durch Zesummerullen. Kucke mir emol de Gentiana asclepiadea, de Pedicularis (Leiskraut) de Crepis (Pippau) Leontodon, de (Bettsécher) ons Grompereblum an esou wieder. Fîr dât gené ze beschreiwen, geif ons ze fill weit féieren. Duerzo geheiert erem eng speziell Studie.

Schutzmettel fum Bestäubungsapparat

Arichtungen geint Netzt.

Schutz fir de Pollen, de Stöppsbeidel an Stöppsfiedem, t’Nârw an t’Blumeblieder.

 

T’Aussonderung widderlecher Stoffer aus de Bléien

T’Oflenkung fun den Besicher.

Zeitweileg ophéieren vum Lackelen

T’Ofwehr durch mechanesch Arichtungen

Isoleierung fun de Bleihen durch t’Wasser

Ofwiehren durch Kliefstoffer

Ofwieren durch Stachelen an Hoer

Ofwierung durch Kremmung

Verbrédung an t’Opstapelen fun Blumendéler.

 

 

 

T’Fruecht

Formelleier

 

1   zweckméisseg Arichtung fir Befruchtung     an Fruecht

2. T’Ordnung fun de Fruechtdéler

3. Verbédung fum Sôm

4. t’Keimen

 

Wât ass eng Frucht?

Begreff. T’Fruucht ass de vollkommenen ausgwuesenen Fruechtknout oder Stempel.

Déeler. All Fruecht bestéet aus 2 Déeler:

a)     Dem Sôm oder Somknosp

b)    Dé Fruchtblieder oder Fruechthüls

.

Fruechthüls. Do ass de lateineschen Num. (Pericarpium) dé félt bei den Nôlenhölzer.

 

Do erkenne mir 3 Schichten:

            Epicarpium:     déi baussecht Haut

            Mesocarpium: Mettelschicht oder Flésch

            Endocarpium: Bedeckung fum Sôm.

 

De Sôm bestét erem aus 2 Déler.

 

-Sômhaut

-den égentlech Kär

 

Fruchtarten.

 

Et gett eschter an oneschter: Echt Frucht = Kapselfrucht opsprangend

            Kapsel zwé a méjähreg (de Pavot)

            Balgkapsel : éfächereg Sumpfdotterblum.

            Schotten oder Schéken: Kabes, Wiesenschaumkraut, Hirtentäschel.

            Hülsen: Efächereg: Ierbessen, Kléi asw.

 

Spaltfriechten.

Gliederschatten (Radieschen) Schleissfrucht drechen ömmer zo.

Esômeg = Pissenlit, Bettsécher

Gras a Schuelefrucht, Kâr, Wés, Hûwer

Nossfrucht: Bâmnoss, Hieselnoss, Kescht, t’Erdnoss

Fliegelfrucht: Ahorn, Ulmen

Fléschfrucht

Bierefrucht = Kréischelen, Drauwen

Stéfrucht= Kieschten, Prommen, Quetschen asw.

Sammelfrucht= Hambier, Schwarzbier.

 

Énzel Friechten.

Dé aus enger Bléi gebild gin: Äppel an all Käruebst, Erdbier, Hagebutten, Spakelter,

Dé aus méi Bléien entstinn sin, Figen (Feigen)

Zweckmeisseg Arichtung fir Befruchtung an Frucht

a)     Befruchtung, Bestäubung, Pollen, Nârweflëssegkét

b)    Frucht entsteht aus dem Sôm der Somenhüls oder der Fruchthüls oder dem Schutzorgan fum Sôm. Liewensdauer fum Sôm.  

 

c)     De Widerstand fun der Kélt beim Sôm.

118 Dég, all Dâg 8-20 Stonnen bei 42-53 Grad Kélt hun nô der Prouf neischt fun hirer Keimfähegkét agebéisst. Mimosasôm nach no 60 Jôhr keimfäheg.

Bounesôm nach no 100 Joer Jôhr.

 

Un 1850 Zorte Sôm gufen Experimenter gemâch, dé schon 150 Jôhr agespârt lugen. Sie woren all keimfäheg. An de Pyramiden hun se Sôm fontt fum Gibbskraut a fum Pavot. Dé wor mé wéi 1500 Jôhr âl, an nach keimfäheg.

 

Verbrédung fum Sôm.

 

Dât wés jo all Gärtner.

 

Verbrédung durch de Wand. Bei Wâsser a Riedplanzen, durch Wasser z.B. Iris an nach 250 âner Zorten. Sie gin agedélt an 250 verschidde Zorten oder an 12 verschidde Gruppen z.B. Spiesförmeg, Karförmeg, blaseg opgedriwen, Harförmeg, Scheiweförmeg, Walzeförmeg. Plattförmeg.

 

Fallgeschwendegkét

 

De Pavot 5 cm an der Sekund.

Pinus sylvestris 0,43 cm an der Sekund.

 

Önnerschéd am Fâlen an am Fléien

 

Verbrédung durch Déieren:

 

Bei de Mamendéieren (Säugedéieren) = gleich Null

Bei de Vigel: Bei der Dréischel, der Routbröschtgen, an dem Krommesfull 75% bis 88% méglech.

Bei de Fösch: 100 % Seerosen, Froschlöffel, Laichkrautarten.

Bei den Insekten: 30 bis 40 Zorten Sôm.

Bei de Mönschen: Kletten, Destelen, Benediktinerkraut, Sômen déi mussen durch de Mô fun engem Vugel, ir hén keimfäheg ass. Duerfir geheieren Vugel a Fruecht zesummen.

Durch de Rén: Mauerpfeffer, Engelsüss, Moosârten.

Durch t’Mier: Durch Stréimungen fum Mier (Strandplanzen)

 

Verbrédung durch Egebewégungen.

 

Schleiderfrucht:                 Storchenschnabel

Sprangfrucht:                    Springgurke

Spritzfrucht:                      Spritzgurke.

T’Keimen

 

A fiechtem Buedem direkt oder no enger Roupaus fun Dég oder durch eng bestemmt Arichtung géint Netzt a Kélt geschützt wuessen all Sômen, entwéder no önnenen oder no uewen. Dât berout erem op déne verschiddenen Begreffer.

Aerotropismus, Heliotropismus, Geotropismus an dann dem Anthokyan, dén de Sôm virum Verdirwe schützt. Alles an allem e Wonner Gottes, wou de Mönsch lanscht gét a net fir e Wonner hält, well et all Jôhr erem kent. An dach ass et e Wonner.

Hémlech schaffend, ömmer wirkend, ouni dât Wierken ké Sôm aus sengem Schlôf oder Schlummer erwecht get.

T’Knosp

     a)   Formeleier

b)   Bedeitung an Aufgab fun der Knosp

d)    Schutzmettel fun de Knospen

e)     Entfalteng fun de Knospen.

Formléier

Eng Knosp, ass dât aus dem Stamm oder Âst herauskommend Gebild zu engem neien Planzendéel. Sie bestét aus engem verkierzten Stengelgebild an e puer dicht zesummen hâlend Bléeder. Önnersiche mir eng Knosp fun engem Bichenzweig: 4 Reihen, zilleförmeg deckend brong Blédercher, 18 brong Schuppen hun mir mat der Lupe gezielt, da gin Bliedercher ëmmer méi zart. Wa mer färdeg sie mat zielen, leien 32 Schuppen firun ons. Bekucke mir, ewé dat ganzt verpâkt ass. Nach ömmer mat der Lupe. Anescht sin natirlech de önnerirdesch Knospen gebaut, wéi mir spéder gesin, an och t’Knospen fun eisen Zwiebelplanzen. Do ennerschéde mir nô der Art, fu feinen entweckelten Organer: t’Wurzel, de Stamm, t’Blâd, Drôh- a Sômknospen.

 

Drôhknospen wo direkt e ganzen Zweig eraiswiesst (Bîrebâm) No dem Stand fun der Planz önnerschéde mir dann

  1. Spetzt- oder Endknospen un engem Zwéeg;
  2. Seiten- oder Achselknospen zwöschen dem Blâat an dem Still
  3. Schlof- oder Proventivknospen, beim Drauwestack a bei de Bichen

 

Déeler fun der Knosp.

 

  1. Verkirzte Stengeldél
  2. Knospenhüll
  3. Knospendeckel

Vermehrung

- Durch Ableger bei der Weiriew, den Nelken, de Rousen

- Durch Stecklinge bei der Weiriew, Johannis- a Krëschelbier, Weiden

- Durch Wurzelpatten bei de Prommen, Hambier

- Durch Verédlung mam Edelreis praffen, Okuleieren, Kopuleieren.

 

Praffen: März, Abröl 3-4 Knospen op engem Reis. Bast op Bast. Splint op Splint. Bâmwues. Eng Meschong fun Wues, Hârz, Terpetin, Bâmôleg a Fett. Mat enger lenge Fatz verbannen.

 

Koppeléeren. Edelreis derselweschter Deckt wéi de Wildling. Gené passen, soss wéi beim P

Praffen. Emme sichen Art op Art z e kréien, soss ass den Erfolleg a Frô gestallt.

Bedeitung an Aufgab fun der Knosp

T’Knosp ass fir t’Planz t’Hoffnung an t’Endziel fum Liewen.

Eng Planz huet 2 Mëttel sech ze erhâlen, dât ass Knosp an de Sôm. De Sôm kennt awer aus der Knosp, folglech ass t’Knosp den Embryo fun der Planz. Esou verplanzen mir eng Planz durch t’Knosp an en ânert land. Durch Stecklingen, t’Gromperen durch t’Knospen. Sie dengt dem Wuestem an t’Längt, an t’Héicht an an de Buedem. Knosp ass Dreiwkrâft fir t’Liewen fun der Planz an e Formbildende Prinzip. Hir Lâg ass gesetzméisseg geregelt, nô dem Habitus fun der Planz.

Schutzmëttel fun de Knospen

Dât ass erem eng Schöpfung fum Herrgott. De Schutzmettelen sin:

a)     blâatarteg Gebilder;

b)    aus den Déler fun Drôhblâat

c)     aus der Schuel

d)    aus Hôr

e)     aus Drüsen.

 

Knospenhüll, déi baussegt Bléder, sie regelen t’Heizung fu baussen a fu bannen. Da kommen ganz kleng Hôr (Weidekätzchen) Loft a Fiechtegkét. Am Fréjôhr fâlen déi Schutzblieder of. Och dei Néweblieder, sin Schutzblieder. (Hülsenfrüchte) Steinobst. Rosestack. Kéruebst.

 

Bekucke mir emol eng Knosp. Bei de Weiden sin et durchsichteg Härecher, dé sech de Wanter verdecken. Bei de Peppelen, dem Feldahorn, der Kornelkiescht, do emschleissen sie becherarteg, Knosp. T’Schuel fun Drohblâad ass och e wirksamt Schutzmëttel. Beim Wantergreng hëlleft esouguer de Blâatstill mat. T’Schiel hëlleft net esou vill. Villmé lét t’Knosp sech önner t’Schéel an eng Vertiefung.

 

Filzhoer schützen t’Knosp firun dem Dâ an dem Rén.

 

Géint Netzt schützt t’Knosp sech och nach durch Drüsen op der Oberfläch. Dé Drüsen enthâlen eng ueleg, fetteg Substanz, wou t’Loft, Kélt an t’Netzt neischt un sie brengen. Och géint t’Insekten ass dât e wonnerbare Schutz. Déi Stoffer sin batter an onappetitlech. Sie gin esouguer fum Wöld gehâsst. Déi kleng Insekten giewe gären dran krauchen fir do hier Eer ze léen, awer sie sin munchmol hârt an net funnenén ze kréien. Eng léscht Arichtung a bezug op Knospenentwicklung soll nach gesôt sin: „ Et gett och Planzen dé keng Endknospen dreiwen.“

 

Wé sollen déi nun am Fréjoer wuessen? Durch Achselknospen. Dât gesi mir bei der Ulmus campestris (Ulm) Carpinus betulus, Betula alba, Weissbirk, Rubus, Robinia an esouweider.

 

T’Lâg fun de Bliedercher an der Knosp.

 

Ass konstréich, zweckméisseg. Mir önnerschéden klappech deckend, gerullt, gefâlt, spiralförmeg, gelagert Bliedercher. Dei einfachste Lach ass déi klappeg beim Flieder, deckend beim Môlbier, a Riedgrâs, déi gerollte Lâg gesi mir bei de Graszorten, Faltong bei de Käschten, Erlen an Ulmen. Déi spiralförmeg Lâg, Knospenlâg bei de Fârkreider.

Dann nach e Wuert iwer t’Blâatzänn oder Blâatspetzen

Sie léden de Knospenschleim an de Knospenhârz ôf. Un den Dennespetzt sin déi Zellen, déi den Hârz an de Schleim enthâlen a verarbechten. Kucke mir do emol de Frauenmantel (Alchemilla vulgaris) an de Sanguisorba officinalis (Wiesenknopf) an nach âner. An anere Fäll verwandelt sech Zännspetzt an eng geférwten Drüs öm. Z.b. beim Héselter, Prommen, Quetschen, an aner Prunusarten.

Forméerung fun de Knospen

All Knosp bild sech schon am Hierscht. De Wanter rouen sie am Wanterschlôf. Iwerirdesch esougudd ewéi önnerirdesch.

Wir et fleicht méi zweckmeisseg, wann sie sech am Fréjôhr bilde géifen? Nén, dât ass Zeit verloscht. Esou ass et am beschten. Am Fréjôhr ass dé Arbecht färdeg, an t’Planz kann direkt wuessen. Eng zwét Frô. Wé bestemmt den Zeitpunkt fun der Entwecklung fun der Knosp? Hei gesin mir e geheimt Gesetz. Bei derselwegter Temperatur schléiwt sie am Hierscht, wou sie am Fréjôhr wiest. Da wârt sie erem am Fréjôhr esou lang bis dass keng Gefôhr méi bestét fir ze erkâlen. Méschtendéls. Wann de Bildungsprozess um Enn ass geschitt dât Wonner fum Wuessen. Och am südleche Klima fun der Riviera wuessen t’Ulmen an Keschten och eréischt am Abrel. Och Lannen, Birken an Buchen. Obschon sie am Februar schon eng Temeparatur fun 9-10 Grâd hun. Och d’Eech duerf net firun der Zeit hirt Lâf weisen, soss sting sie am Summer ouni Lâf. Well alles ass nô der Zeit geregelt. Am Fréjôhr an t’Blâat am Hierscht derfun. Dât watt an t’A fällt sin Keimbleiher, déi önnerschéde sech erem fun de Bâmbleiher oder Loftbléier. Dât ganz Gebild fun der Knosp erönnert ons un t’Liewen fun de Peiperlekken. Onscheinbâr a wé dout, leien sie virun ons. Kennt én awer mam Fanger drun, da wibbelt et. E scheint Bild fun eiser Auferstehung nô dem Doud.

Moral fu menger Studie: „Alles no Gottes Well.“

Geschriwen am Wanter 1947.

 

 

Eine Rückantwort von Herrn Kiefer aus Torrigny am 27.12.1970

 

Lieber Freund!

 

Der letzte Brief für 1970. Wie die Zeit so schnell ergeht. Die Uhr zurückdrehen ist ja nicht möglich. Eigentlich ist es eine richtige Sache. Wenn man an Altwerden herankommt u. mit etwas offenen Augen um sich schaut, dann brauch es einem nicht leid zu tun, aus so einem Schlamssel auszuscheiden. Dafür doch nicht lebensmüde, bin also noch immer froh mit zu machen. Gott sei Dank die Liebe zur Natur in uns geweckt zu haben. Bin der festen Überzeugung das hilft leichter durch das Leben zu gehen. Wie immer, hat ihr letzter Brief mich riesig gefreut und belehrt. Wahrlich die Geheimnisse der Natur sind unendlich. Können auch mir für den tiefen Beobachter nur bei der Gottheit ein Endziel haben. Der Aufschluss über den „R“ habe ich jetzt erkannt und begriffen. Nun sage ich mir aber auch: Habe schon jahrelang Knoblauch von Juni bis August (die ohne R Monate) immerdurch Knoblauch gegessen und vielleicht doch nicht vergiftet dabei. Auf jedenfall weiss ich heuer was Authaziane darstellt, der beste Beweis sieht man an den Kartoffelkeimen. Merke mir also das Einstellen von Knoblauch u. alten Kartoffeln ab Mai.   Der Ausruf von Darwin bezüglich den Stand der Blätter nach 4 Bruchstellungen, findet auch sicher nur die Erklärung beim Kosmischen Ausgang, wo wir arme Geschöpfe nicht mitkommen. Eins geht mir durch den Sinn: In einem nächsten Erdendasein sollen Sie Professor in der Naturlehre sein, ich nur noch immer ein Anfänger, ein Schüler. Es ist schon eine Leistung nur den Weg dazu antreten. Nun glaube ich auch nicht gern: dass es richtige Forscher gibt, ohne an eine Schöpfung zu glauben. In ihrem tiefsten Innern zweifeln sie nicht daran. Die materiellen Zugeständnisse sind Macherei und Prahlerei. Habe Ihnen schon mal geschrieben: Die Menschen stehen vor einer grossen Wand, und ausser Verstand ist nicht geschaffen für hinter die Wand zu sehen. In der Weihnachtsnacht hat es zum ersten mal gefroren. Das Gemüse im Garten, Veilchen, Primeln und Rosen lassen die Köpfe hängen. Das war der erste Wintertag. Anstatt mit dem Rad mache ich jetzt schon 2 Tage Fusswanderungen einsam allein sein soll mich nicht drücken. Das ist auch etwas was gelernt werden muss, sich mit sich selber begnügen. Bald kommt das neue Jahr. Was birgt es in seinem Schoos? Für uns Alle jung und alt. Lustig drauf los steuern, heisst die Parole. Wird es noch ein lehrreiches botanisches Jahr sein für uns?

 

In dieser Hoffnung und Zuversicht wünsche ich Ihnen von ganzem Herzen, alles erreichbare Himmels- u. Erdenglück.

 

C. Kiefer

Die handschriftlichen Notizen zeigen weiterhin eine Auflistung von 180 Teepflanzen auf mit lateinischen, französischen, deutschen und luxemburgischen Namen.

 

Zwischen den einzelnen Themen die noch für Vorträge behandelt wurden befand sich folgende