BETRFFT DE GÖLLENEN REGULUS

IWERRESCHT AM HAUS VUN DER NATUR

Den 5.1.2001 am Kader vum Neijoersdronk.

Usproch vum Henri Regenwetter.


 

Leiw Frënn!

 

Fir t'eischt soen ech Iech emol alleguerten Merci fir di grouss Eier, mat der Dir mir haut hei eng grouss Fréd macht.

 

Vun den Goldhinnerchen hun ech zwar och zwou lieweg Zorten bei mir hanner dem Haus, am Dännebösch. Munchmol orchestreieren sie am Trapp eng schein lieweg an och fuerweg Pipsshow.

 

Haut heieren ech nemmen mei bis 12.000 Hertz an duerfir muss ech mech mat hirer Show eleng zefridde gin. Dé göllenen hei, dé kann ech elo all Dâg kucken.

 

Wann der erlâbt,  soen ech e puer Wieder zu menger kurzer Biographie. Wât wâr, wât ass an wât nach ka kommen.

 

Schon mat 7 Joer sich ech als Wöllefchen, virum Krich zu Rodange bei de Scouten mat eraus an t'Natur kom. Lampech bei der Schuller Gare,  war eng wonnerbâr a romantesch  Platz fir ze Campeieren, fir an der freier Natur ze spillen. Schon do konnt ech allerhand Planzen an Deiere kennen leieren. T'Upassung un meng Liewenskomeroden huet do ugefangen.

 

Ech hun verschidde Stadien passeiert an sin dann zu Uerwerkuer als Patrullechef, durno als Scoutsmaster emmer mei an t'Liewen, mat Mönschen - an an der Natur era gezu gin. Esou guer nach nodém ech eng fest Arbecht op der Schmelz hât, hun ech mech a menger Freizeit freiwölleg zu Uewerkuer agesât, bis meng Elteren mat eis op Zolver geplönnert sin.

 

T'Natur mat hieren villen Facetten, hat mech grëndlech gepâkt. Vill Frënn, dénen et selwegt gangen ass, ware berét mat mir duerch Deck an Dönn ze goen. Zwé vun mengen beschten Scoutsfrenn sin direkt an de Canada ausgewandert an hun hiert, wahrscheinlech net nemmen Trapper -  Liewen do gemacht.

 

Ech wollt zwar och emmer fort an t'Welt, hun mech awer do zreckgehâlen, an sin 1965 vum Aquariumsclub   Diskus vun Deifferdeng als Delegeierten genannt gin an der Federatioun vun den Aquarianer, FELAT genannt.

 

Ech war doduerch mat derbei wei am Eisebunnerkasino zu Bouneweg t'NATURA gegrennt ass gin. Vun Ufank un gouwen et awer Schwieregkéten do,  an ech hun schon démols net verstânen, firwât do sech direkt en ongleckleche Spaltpilz entweckelt huet, dén menger Ménung no, der Entwecklung vum Naturschutz an eisem Land neischt genotzt huet.

 

Ech war bâl an all Versammlung vun der NATURA derbei an hun eifreg matgeschafft, ouni mech je vir- oder opzedrängen. Au contraire, ech hun emmer "speziell" Arbechten zougeschouschtert kritt! Do hun ech och festgestallt, dat an eisem Land Allmeigleches geschützt sollt gin, nemmen et huet kén spezifesch un t'Amphibien, un t' Klengfösch an virun allem un t'Wasserplanzen geduecht. Kén huet sech esou richteg duerfir agesât, ganz einfach, well déi net esou populär waren a muncherén sech virun enger Mouk schuddert!

 

Virun 28 Joer hun ech mir en Härz geholl an hun t'AAT am Kader vun der FELAT gegrönnt. AAT ass d'Ofkierzung vun eisem démolegen Vereinsnumm, Amis des Aquario- et Terrariophiles du Grand-Duché de Luxembourg. Mir wollten t'Frenn sin vun den Aquarianer an Terrarianer. Et hécht also net "den AAT ass och do" oder "bei der AAT ass et flott", mé richteg ass ze soen, ech sin Member vun den AAT.  AAT  ass also eng Mehrzahl! Dat niewebei!

 

Mam Henri Rinnen, mam Josy Braun, an mam Théo Peffer hun ech Radio- an och Televisiounsemissiounen gemacht. Wuelgemirkt, all Emissioun ass op dem Pobeier virberét gin. T'Froen an t'Äntwerten, dorobber hun ech gehâlen, well ech mir gesôt hun et wir unsönneg déi kurz Zeit ze verplemperen, fir nemmen  irgend eppes do ze schwadronneieren.

 

Des Sendungen waren inhaltlech gudd duerchduecht a gefiddert vun eisem aktivem Naturschutz! Wei iwer t'Nozucht vum Bitterling, vun den Ellercher, vu Fräschen a Mouken, am Aquarium an am Terrarium hun mir am ganze Land eppes ugekurbelt wat senges gleichen gesicht huet. T'Kâlwasseraquaristik huet ugezun.

 

Mir hun konsequent Fräschenzenk opgericht, wat ueschtert t'Land nogemacht ass gin!

 

Bref,  Dir könnt e bedeitenden Dél vu mengem Lieweslâf noliesen an der Jubiläumsbroschür vun den AAT, dei virun e puer Joer eraus kom ass. Sie ass nach ze kreien.

 

Ech hât eng Suerg, well t'NATURA net esou vill égen Initiativen ergreifen konnt - et waren nemmen e weineg Privatmemberen ageschriwen déi esou Saachen hätte kenne machen - do hun mir an dem Club e puer Aktiviteiten fir NATURA mat organiseiert, an esou guer exékuteiert. Mir wollten mam gudde Beispill fir goen, an als Memberverénegung vun der NATURA - der Dachorganisatioun, och Aktiounen am Numm vun der NATURA machen. Ech erennere un eis Aktiviteit fir t'NATURA  - PLAKETTE an der Aktioun MEI NATUR EM T'HAUS, un eisen Asatz beim Ministère du Tourisme, am Num vun der NATURA,  an der Jury fun dem "Concours: Schien Dierfer a Stied" mat zemachen.

 

Den Dag fum HAUS VUN DER NATUR ass kom. Ech sin mam René Schmit hei iwer den Terrain gangen an hun bedauert, dat mir net dei démoleg Ruin ganz ofgerappt hun. Nemmen e puer Hâsteng an der Fassade hun als Virwand gedenkt, fir den Denkmalschutz eraus ze fuerderen - an hun beim Neibau ronderem déi puer Steng onnetz Millioune kascht - déi anerwärts hätte gudd Uwendung könne fannen. Am Hannerkap awer war bei verschidden Leid kén ânere Gedanken, wéi  eng Brems ze (er)fannen fir t'Expansion vum Camping a Sportkomplex a Richtung Roeser! Dofir waren also nemmen dei "bescht" Argumenter, also déi puer Hâsteng  gudd, déi démols jo och gezun hun!

 

Ech wollt versichen meng praktesch Bauerfahrung, hei mat eran ze brengen dei ech selwer als Bauhär hât (well ech bei mengem Haus Architekt an Bauléder war). Dat ké Keller an dest Haus hei gebaut ass gin, war net déi lescht wirklech onduerchduechten Arbecht. Et hätten mam kompletten Ofreissen, an och bei aner nofolgenden Projetsen,  wou ech op reell Komplikatiounen higewisen hun, vill Milliounen kenne gespuert gin. Op en Hoer wâr och nach e Gappené an de Sand gesât gin!

 

Ech hât meng Grönn vir net op t'deck Tromm ze schloen! An menger Entwecklungszeit hât ech am Ömgang mat der Jugend an iwerhapt mat menger Emwelt esou vill Mönschekenntnis opgebaut, dat ech mir emmer gesôt hun, kritiseier neischt wat's de net selwer besser mache kanns, an dann awer och mache wölls. Bretz dech net mat vermengtlechem Besserwössen, mé mam Bessermachen. Dat hun ech och an eisem Klub emmer erem esou gesot, an hun och drop gehâlen, dat én iwer eppes kann diskuteieren, awer selwer nie engem aner seng freiwëlleg Arbecht soll kritiseieren, wann én net berét ass et selwer besser ze machen.

 

Den Erfolleg ass net ausbliwen, an mat enger groussarteger Equipe, konnte mir bis haut eise Mätsch machen. Nemmen et ass gangen wei et emmer gét. Wann én am Liewen Succès huet, dann verquesst dén én oder dén aneren dat net.

 

Ech hun all dei Joeren villes vum Vereinsliewen op eist Privatliewen geprafft. Menger Frâ a mengen 3 Kanner, soen ech hei fir all hirt Verstéesdemech en öffentlechen  Merci. Sie hun mech emmer ennerstötzt, net nemmen wann Nout um Mann oder un der Frâ wâr.

 

Mat Studierésen, Sortien an Virtrég konnt bâl e richtege Familjebetrieb opgebaut gin, dén haut nach virbildlech a kräfteg an der Matarbecht hei am Haus, beim Fest vun der Natur, beim Kürbisfest, beim Baurendag weider liewt. T'Frendschaft an t'Kollegialiteit ass dat wonnerbarst wat én an engem Verein ka fannen, wa keng Quierkäpp Möscht bauen.

 

Eppes war mir, an ass och Iech secher bewosst. Hei am Haus sin zwéerlé Zorte Leid aktiv.

 

Op der enger Seit dei Leit déi t'Vereiner an der Richt hâlen, an domadden och t'Verénegung Haus vun der Natur. Sie schaffen ouni bezuelt ze gin,  am Asatz fir t'Sach, fir den Natur an Emweltschutz.

 

Op der anerer Seit sin déi, déi onbedingt zu Höllef hu missen geruff gin,  an déi fir hier Arbecht bezuelt gin (iwregens léschten sie eng unbedengt bewonnernswert Arbecht, dat well ech besonnesch hei erfier streichen).

 

De Beweis ass domadden erbruecht gin, dat mam Naturschutz och Geld ka verdengt gin, an dat war é grousse Schrött no fir.

 

Zesummen konnten grouss Projetsen attakeiert gin an et konnten wirklech och Sousen derbei verdengt gin. Domadden konnten mir eis déi bezuelten Matarbechter léschten.

 

Nemmen zenter eis Regierung och NATUR- an EMWELTSCHUTZ wöllt machen, gesin ech eis Verénegungen am Clinch mat dem Emweltminister, dén am Fong t'Härzstéck, de Leader soll sin vum NATUR- an EMWELTSCHUTZ hei am Land.

 

A Wirklechkét ass en awer zu engem Klompfouss gin, well déi Hären et net emol färdeg brengen fir hier wertvollst a böllegst Matarbechter ordentlech ze bezuelen. Eng Verpflichtung dei si awer agange sin. Et ass dese Moment muscht Loft hei am Haus. T'Vertrauen an de Management aus dem Ministerium ass verluer gangen.

 

Wann mer net iwer 80 Milliarden Reserven op de Keip  leien hätten, an eis Regierung finanziell um leschte Lach geng peifen, da geng ech jo nach Munches verstoen.

 

Milliounen awer gi vergammelt, an t'Gesetzer sin anscheinend net mei fir all Mönsch do. Wann én Privatmann senge Leit keng Pei méi ka gin, dann ass hien faillite.

 

Ech erwähnen dat alles, well ech perseinlech vun dem ganzer Misère esou frustreiert sin, net nemmen iwer eise Klub eraus, ma dobei nach e wéineg ganz privat. Ech könnegen an eisem nächsten Heckefräsch meng Bedenken un, ob ech iwerhâpt nach eng Minut mei lang mat esou Leit soll zesummeschaffen, déi engem seng Matarbecht, zum Wuel vun eisem Land wéder richteg konsidereieren nach de Léschtungen entspriechend respekteieren!

 

Wât notzen eis bretzeg Feieren am Joer vum Volontariat. Am Platz dat mir wertvoll Arbechte  machen,  verplemperen mir eis t'Liewen mam Streiden fir dem Staat seng Scholden bezuelen ze können, dei hien eis hei opgelueden huet. Dar résuméiert sech an engem Sâtz. A Platz ze animeiren, frustreiren se eis!

 

Dat fannen ech eng onbeschreiwlech Gemenghét, déi hieresgleichen sicht.

 

Als Präsident von den AAT hun ech ni en Huesepâd an d' Administratioune getreppelt. Mein Komitee war emmer der Ménung mir sollten mat eisen Léschtungen beweisen wat mer können, an ech mengen weinstens, dat mir dobei réusseiert hun, nemmen ob se wirklech unerkannt si gin, dat stét an engem anere Buch!

 

Ech gesin awer nach verschidden aner Aspekter, déi net ze vernoleissegen sin. Hei am Haus hun sech verschidden Verénegungen zesomme font, fir zesummen an déi selwecht Richtung ze schaffen.

 

Ech gesin dobei verschidden Zich, mat verschidden Lokomotiven enner Damp, déi zwar op enger gemeinsamer Spur, dem Natur- an Emweltschutz  fueren. Et ass eng normal brétspureg Bunn, an do drop fueren déi verschidden Zich all an déi selwecht Richtung. Môl ass, oder wöllt dén én un der Spötz sin, môl ass, oder wöllt den âneren un der Spötz sin.

 

Et get heibannen Lokomotivführer, déi keinten an engem Owend drei verschidde Cheminots-Kâpen opsëtzen. Fun dém âneren Zugpersonal, dât aus enger voiture an die âner sprengt, schwetzen ech emol net. Lenks a riets lâfen dann och nach Schmuelspuer-bunnen. Alles wöllt an dei selwecht Richtung. Et könnt vir, dat én Zuch dem Zichelchen oder den Zichelchen dem Zug (méschtens am Kalennerprogramm) am Wé ass. Et sin awer bis elo schon vill gudd Weichen agebaut gin, an der Zesummenarbecht, besonnesch bei eise Fester.

 

Wéinie fueren mir allegueren op engem enzege Gleis, mat engem globale Programm?

 

Mir leiden scho lang un enger ganz beiser Zivilisatiouns Krankhét, dei och mat Schold un dénen villen Zichelcher ass!

 

Am Allgemengen get gesôt, t'Leit gengen emmer mei egoistesch gin. Do gesin ech de Problem net esou direkt. Dat gesin ech nach als t'Natur am Mönsch un. Ech gesin de Problem vill mei an engem gefeierlechen esouguer béisartegen Individualismus zwöschen Rivalen. Des Rivalitéit ass geint t'Gesellschaftsliewen gericht. Jidderén huet et haut licht eleng duerch t'Liwen ze kommen, ouni Kollegialiteit, ouni Frendschaft, ouni Menscheleift, grad dât wat eis Generatioun, besonnech nach duerch de Krich geprägt, nach gefillt huet. Mir hun et noutwendeg fonnt, dat mer zesumme stin, fir mat dénen aner zesummen Léschtungen ze brengen, déi mer eleng net färdeg brengen. Wei oft schon hun ech geziddert, wann an enger Versammlung  op emol Én ganz nervös explodeiert ass a gesôt huet "elo gin ech hém", oder "dir macht jo dach nie wéi ech et gär hätt". Dese schlömmen, oft och aus Neid entstânenen Individualismus ass t'Gefor fir eis Verénegungen, an ech färten mir kreien dese Problem vun der Wuelstandsgesellschaft nach esou bâl net an de Greff, well dén Enzelen sech net mei selwer kontrolleiert kritt, oder net wöllt,  an mengt sech durchsetzen ze missen! Et gett leider Organistiounen, déi d'Onzefriddenhét aam Vollek priedegen an dofunnen liewen!

 

Jidderén wéss alles besser, awer net jidderén wöllt oder ass kapabel alles selwer besser ze machen. Déi Méscht färten genau dât, wât se awer selwer praktizéieren. Kritik!

 

An elo de Schrack an t'Zukunft.

 

Wa mer scho bei der Kritik sin, dann well ech hei nach erfierstreichen, dat mir als AAT schon e Strapp am Clinch mam Ministère de l'Environnement sin. Mir fillen eis mat engem Subside vun 40.000 Frang an engem Ausgabebudget vun 1.000.000 Frang awer och guer net chaperonneiert vun desem Ministère! Trotzdém hun mir durch vill freiwellegen Asatz, an mat der Höllef vun ville gudde Memberen, eis Publikatiounen eraus kenne gin, déi bei eise Memberen och gudd ukom sin. Trotz "Kuele"mangel an eiser Lokomotiv, konnten mir am Weidendall en Botanesche Gaart uléen, dén am Ufank guer net esou grouss geplangt war. Iwer 1 Millioun Valeur ass schon dragestach gin! Do sollten nemmen déi geschützten Wasser- an Uferplanzen, Fösch an Amphibien nogezillt gin, verbonnen mat enger sozialer Aktioun.

 

Haut stin mir, nom plötzlechen Stieffall vum Neckel Rollenger, do glad ewech am Rén an mir gin schon e ganzt Joer do stoe geloss, opschon mir schon esou vill der scheiner Wieder heieren hun vun all déne Leid déi ouni sech ze schummen, glad ewech mat gesplecktenen Zongen schwetzen. T'Önnerstetzung ass esou minim gelâf, dat mir haut zu der Iwerzégung kom sin, dat wann an den nächste Meint sech neischt am Weidendall dét, dann ass dem Rollinger Neckel sein Liewenswierk an eis Natuschutzarbecht a grousser Gefor. Wou bleiwt do t'Ennerstetzung vum Volontariat?

 

Eng Réunioun, déi am Kader vun dem zukünftegen Naturschutzgebidd Mamerdall sollt stattfannen, mat dénen verschiddenen Instanzen, mam Emweltminister, mam Fieschter, mat denen 2 Gemengen Koplescht an Kehlen, mat der Caritas, mat dem Schoulpersonal vun dem Lycee Technique agricole vun Ettelbreck, ass an t'Wasser gefall (weinst dém kaum hiwelegen Sommet zu Nice) an ass bis dato nach net erem nei fixeiert gin.

 

Ech geseich hei eng Chance, dei am Kader vun den Arbechten vum Haus vun der Natur eventuell keint studiert gin. Et soll én net vergiessen, dat sech am Mamerdall eppes dét. Wuelverstânen, elo ass et nach t'Arbecht vun engem Jangeli. Geschwenn awer fiert do den Zuch brétspureg fort, well et ass geplangt fir zu Schensels en "Centre d'Accueil" ze schaffen, an wann mir dât als AAT net eleng packen, da sin all Chancen vergin, da machen aner Leid dât, wat mir mat der Société des Naturalistes, mat dem Musée d'Histoire Naturelle an mat dem UICN onbedengt wollten zesumme machen, nämlech Planzen an Deieren, déi a Gefor sin, do nozillen! "Eng station de reproduction de plantes, de poissons et d'amphibies en péril". Dât gött elo als Zukunfts - Programm vun den Botanesche Gärt an Zesummenarbecht mat private Leit weltweit ugesin. Mir hun jo neischt Gleichwerteges hei am Land. An des émoleg Chance sollte mer net verpassen. Ech mengen t'Haus vun der Natur wär do och gefrot. Iwer ons Somelöschten an mam Kraidergaart zu Wanseler an mat eisen internationale Verbindungen, an wann t'Verénegungen zesumme stengen, dann hätte mir eng virtrefflech Viraussetzung do fir des Aufgab ze iwerhuelen.

 

Grad de Botanesche Gaard am Weidendall bidd en aussergeweinlecht Potential, mat nach net erkannten Aktiviteits - Meiglechkéten op dem Gebidd vum Naturschutz. Naturbeobachtung. Bekäschtegung op der Platz. Iwernuechtungen zu Huelmes oder Schendels! Hien leit iwregens op Staatsterrain, a fuerdert mech eraus hei nach eng perseinlech Lanz ze briechen, meng Ménung derzou ze soen mat där ech guer net eleng do stin. Ech well dobei e weineg aus der Schoul schwetzen!

Wei mir an eiser Verénegung ugefangen hun eis mei mat de Planzen ofzegin, hun mir eis och mat der ganzer  Problematik ausernén gesât, an sin zu der Iwerzégung komm, dat nemmen mat engem zolitten Wössensbagage, net nemmen op dem Botanesche Gebidd, mé och an der Praxis op dem Terrain hei eppes ze leschte wir. Mat eise Memberen hun mir Joere lang bei eisen Studiefahrten Botanesch Gärt, Privatgärt, Parken. Gärtnereien  an Naturschutzgebidder ueschtert t'ganz Welt besicht an hun Kontakter geknäppt. Ennerwé hun mir et geleiert eis vun simplisteschen Idiologien lass ze leisen, déi net réalistesch sin. An Amerika, Kanada, Irland, Schottland, England, Frankreich, Belgien, Holland, Deitschland, Schweiz, Tschechien, Polen an esou guer a China sin mer Gärd besiche gangen an hun eist Wössen onhémlech erweidert.

Wössen ass eng Viraussetzung fir all gudd Arbecht. Mir hun Frëndschaften mat Wössenschaftler a Fachleit gekneppt, an eis Arbechten hun iwerall e groussen Uklang fonnt.....Eng Gaardegesellschaft aus Dänemark huet am Weidendall gesôt an an hirem Rapport geschriwen, dat mir do wirklech e Musterbetrieb hätten an der Zesummenarbecht vum Naturschutz mat Caritas Acceuil.

 

Haut ass den Nowues an onsem Comité weltweit ennerwé, och fir hiert botanescht Wössen ze erweideren! Den Emile Becker, den Marco Franzen, an den Gilbert Weber, dén sech no senger Pensioun als richtege Wöllplanzen Spezialist entweckelt huet. Mir hun Kontakter opgeholl mat auslännesche Botanesche Gärt, mat Verénegungen, déi an déi selwecht Richtung gin. Enzel Leit hun sech am prakteschen Naturschutz spezialiseiert, t'Madame Delphine Remiche, den Lanners Robert, dén e grengen Daum kritt huet, an dén bâl all Nozucht réusseiert, zemol bei de Farnen. Och den Robert Thorn ass nach onermiddlech derbei mat sengem bâl Universalwössen, a sengen Erfahrungen an gudde Rotschlei. Hien huet zum Beispiel de rarste Far hei am Land, den "Hymenophyllum tunbrigense" dén nemmen op enger enzeger Platz an engem Schloff am Möllerdall virkennt,  schon iwer 30 Joer an senger Pfleg, an wann ech dat hei erwähnen, dann hécht dât,  et ass wahrscheinlech kén aneren op der ganzer Welt dén déi Léschtung bis elo färdeg bruecht huet! Do ass en profund Afillungsvermögen an t'Liewensuspröch vun enger Planz erfuerdert.  A Klammeren weisen ech iwregens dorobber hin, dat hien elo geschwenn en Update fun sengem Buch LES SALAMANDRES eraus ka gin. Ech selwer hun bis elo e puer 100 Osmunda regalis, de Kineksfar, aus de Sporen nogezielt, déi elo a ville Gärd an net nemmen am Weidendall wuessen! Ze bemirken ass dat nemme méi 1 énzeg Platz an eiser Emwelt bekannt ass, wou en nach virkennt.

 

Fir dei Leit déi eis Kenntnisse an Fähegkéten emmer nach önnerschätzen, well ech mech nach e weineg weider bretzen, dat geheiert jo zu enger kurzgefassten Autobiographie! Folgend Memberschaften hun ech opgeholl, 1955 bei der amerikanescher National Geographic Society a sin et nach emmer. Vun 1972 un sin ech Member vun der Société des Naturalistes a sin an démselwegte Joer Matarbechter fun der NATURA gin. 1979 war ech schon bei der englescher Alpine Garden Society ageschriwen.  Dat selwegt Joer sin ech an de Beirôt vun der Gesellschaft der Staudenfreunde an Deitschland genannt gin, vun dér ech virun e puer Joer mam Karl Förster Preis geeiert gi sin, an elo kurz nach eng aner och Göllen Unerkennung kritt hun, fir geléscht Dingschter. 1981 sin ech Member gin vun der Royal Horticultural Society, déi matt iwer 260.000 Memberen weltweit aktiv ass. 1983 bei der Pteridological - eng internatiol Farngesellschaft mat Sötz zu Kew, mat hirer rieseger Sporelöscht, dann an der englescher Iris Gesellschaft. Och an der Schweizer Staudengesellschaft sin ech Member. Nach en etlech aner Gesellschaften lossen ech ewech, déi awer all Afloss haten an nach hun op t'Qualiteit vun eisen prakteschen Naturschutz - Arbechten.

 

Ech war nie nemme passive Member. Et ass keng Fachpublikatioun an England op de Mart kom, dei ech net kâf, a grendlech studeiert hun. Dat selwecht ass mat deitschen Planzenmonographien geschidd. Ech hun mat munchen Autoren an Editeuren perseinlech ze di gehât, an hun z.B. mam NCCPG, dem National Council for Conservation of Plants and Gardens, hei am Land en aussergeweinlechen Virtrag konnten organiseieren iwer hir Arbecht, déi eis emmer e Virbild bleiwt. Mir hun t'Biographien vun den Plant Hunter gelies, an fir t'Lescht nach dem David Douglas sein Lieweslâf. Hien ass bekannt fir t'Douglas-Dennen. Dei fantastesch Liewensgeschicht, ass émoleg schein a spannend vun eisem Letzeburger Remy Claire geschriwen gin, an franseischer Sproch. Den Douglas war én fun dénen ville Planthunter,  déi net nemmen den Botanesche Gärt an Europa zegdausend nei Planzen am gedrechenten Zoustand fir den Herbarium mat hém bruecht huet. Och Sômen an lieweg Planzen waren derbei! 

 

T'Wössen iwer t'Planzewelt ass och an eisem Klub bei eisen Studierésen regelrecht explodeiert! Et muss én dann och esou Sache gelies hun, da kritt én dé richtegen Weit-, oder Duerchbleck, wou eis Planzen hierkommen an wât sech an der Realiteit ronderem eis ofspillt!

 

Meng Bibliothek ass séier aus allen Neit gebascht an do hun ech bâl 1000 Titelen hei an t'Haus an t'Bibliothek geschenkt!

 

Vill Leit wössen schon, dât wât ech elo nach beiflecken! Ech geng et ewesch lossen, wann et net zur Explikatioun vun eiser Grondastellung geng beidroen.

 

Ech wollt nach soen, dat an Metteleuropa während der Eiszeit glad neischt wuesse konnt, an datt awer och all Planzen dei mir haut kennen, agewandert musse sin, iwer t'Loft, an de Fiederen vun de Vullen, iwer t'Fösch (vun dénen all Joeren Dausenden aus dem Ausland importéiert an ausgesât gin), Landdeieren, mam Zuch un de Waggonen, un an och an de Schöffer, de Flieger,  nach emmer vun Planthunter,  zwar nach vill mei schnell an vill mei emfangreich, wei an der Zeit vun de Kreizzich, oder fun de Völkerwanderungen. Ech kann Iech verroden, dat mat de Bespriechungen vun ca 1000 Fach-Publikatiounen ech darf mengen dat ech au courant sin, wât sech ronderem eis dét. 

 

Ech hassen é Popwuert dat wei e Kriebsgeschwir wuchert,  an all dénen Diskussiounen, wou eis Planzen hierkeimen. Do ass a munche Käpp nach eng grouss Bildungslück!

 

Hätte mir keng Gärt gehât, da wären vill Planzen net do. Firun 500 Joer war et nach net deck hei an Europa. Et bestin Löschten mat nemmen 200 oder 300 Planzen drop.  Hätte mir keng Gärtner a Baueren gehât, da wären mir nach arm wéi Japp a gengen Honger leiden. Am Lâf vun den 500 vergangene Joer ass de Planzereichtum an Metteleuropa richteg durchenén geworf gin, a vill Leit wössen net emol, dat t'Sonneblummen aus Amerika kommen. Wat sin dann 2400 registreiert Planzenzorten an eiser europäischer Flora? A wofunner bei eis jiddefalls keng énzeg aus égener Krâft, do ass! Mir kann kén nosoen ech geif spannen, wann ech deser Realiteit an t'An kucken! An de Blue Mountains vun North Carolina sin eleng mei Bâmarten wei a ganz Europa. Wat hun mir dach eng armeseileg Flora, well hei t'natirlech Biergbarrière quiesch von West no Ost verlafen an eng Brems duerstellen fir eng vill méi rasant Entwecklung an eiser Flora. Sie léft an Europa vill mei lues of wèi an Amerika wou t'Birger vun Süd no Nord lâfen an dohannen de Beweis scho lang erbruecht ass, dat déi zeg honnert mol méi Zorten vu Planzen do och alleguerten aus dem Süden eropgewandert sin, oder egal wéi dese Wé vill mei séier gemacht hun!!

 

De Planzereichtum an Europa ass also nach emmer am Floss sech ze verenneren, sech ze erweideren.  Mir kréien, wann t'Klima sech verännert,  eng gewalteg Planzevielfalt, dei t'Evolutioun net eleng an der Planzewelt am Gang hält. Et ass onsenneg iwerhapt un eng statesch Situatioun an der europäischer Flora ze denken. T'Natur eleng suergt schon derfir.

 

Leider huet t'Natur och Reckschlei. T'Liewenskonditiounen stemmen net mei iwerall fir spezialiseiert Planzen, awer et gett Leit, wei bei eis am Klub, déi hun hiert Wössen op dé Punkt bruecht, dén é muss eréchen fir ze wössen wéi én schwiereg Planzen nozillt! An enner watfirengen Bedingungen se am beschten hei wuessen. Vun den Wöllplanzen huet all Land, bedengt duerch t'Sproch an duerch den Nationalismus seng égen Flora - Dokumentatioun, awer t'Planz ass beileiwe keng Letzeburgesch, oder eng Franseisch. Ech perseinlech benotze duerfir leiwer eng Europäesch Flora.

 

Op dém Gebidd bestin nach vill onrealistesch Virstellungen. Haut wou mer gesin dat all Mensch en Individuum ass, esou sin mer elo geschwenn op dem Punkt ze wössen, dat och all énzel Planz, als en Individuum mat individuelle Merkmaler ze gesin an ze verstoen ass.  Schon am Gaard kenne mer esou individuell Differenze feststellen bei eise Gemeisplanzen, dat ass den Evolutiouns Potential.

 

Nei Egenschaften hun t'Botaniker elo mam genetesche Schlössel erkannt an eis Floren mussen komplett revideiert ze gin. Et ass och noutwendeg hei ze soen, dat och t'Flora vun de Kultur- a Gardeplanzen wössenschaftlech färdeg nidder geschriwen ass gin. 6 bedeitend Bänn sin zu Cambridge, no an no erschengen. "A Manual for the identification of plants cultivated in Europe, both out-of doors and under glass". Ca. 25.000 Taxons gin dodran opgefeiert (also 10 mol méi wéi an der europäescher Flora, die zum Dél och mat dran ass) an kén kann desen Schnellzug ophâlen! Des wössenschaftlech  an bedeitend Flora stét eis elo privat zur Verfügung. Domadden eriwregt sech all wéider Diskussioun an deser Richtung.

 

Verzeiht mer wann ech am Eifer elo bâl e Virtrag hei gehâlen hun, nemmen eppes wollt ech ganz kurz nach mat op de Wé gin. Wat den NCCPG mecht, fir och freier Kulturplanzen, an Gaardeplanzen, déi reng dekorativ oder zu kulinareschen Zwecker gezillt si gin, eiser Nowelt ze erhâlen, hun mir iwerholl, an mir hun domadden en Pensum ugepakt, den net eleng ze bewältegen ass. Mir mussen do zesumme stoen a Prioriteiten schâfen. Mir sinn elo schon 10 Joer am Weidendall am Gang. Wat mir ronderöm eis heieren hun waren net emmer komerodschaftlech Bemierkungen! Nemmen bei dér Arbecht ass neischt Klengkareiertes gefrot. Wössen, an nach emol vill Wössen an eng  kloer Asicht an t'Matière.

 

Et gött kén Zreck mei. A wann mir och elo eréicht an den éischten 10.000 Joer no der leschter Eiszeit sin, an wann des Zwöscheneiszeit sech un t'Statistik hällt, dann dauert et nach 90.000 Joer ir mer nés an déi nächst Eiszeit erakommen. Mir hun nach Villes virun eis. Vun Natur aus göt et also emmer mei warm! An villes wat haut als Fakt durgestallt gett, ass nach kontrovers diskutéiert, an nach lang net bewisen. Normal ass, das eis Emwelt an engem normalen Zyklus  mei warm gett an och normal seng Planzenvielfalt dobei changeiert. Ech färten awer net, dat ech emol wösse muss, wei Palmen hei geplanzt gin, awer dei Zeit schengt net aus ze bleiwen! Kucke mer nemme wat mir an eise Kuelegrouwen vu Planzenofdreck fannen, vu Planzen déi an den vireschten Zwöscheneiszeiten hei gewues sin!

 

Ech prognostizeieren gären, dat wann op émol all déi Milliarde Vullen déi bis elo op hierem Flug no Süden an erem zreck zousätzlech net mei vun de Lukullen, regelrecht gefriess gin, dann brauch én net Prophét ze sin fir dé Potential vun neien Planze Somen ze gesin dei dobei an hieren Fiederen aus dem Süden mat iwer déi kâl Bierger heihinner kommen an eis Flora nach gewalteg veränneren können. Dann huelen ech och nach déi Légiounen vun Globetrotter, déi all Joer, esouguer ongewollt aus der ganzer Welt, an hirem Gezei, un de Schong, an den Hoer, an selbstverständlech och lieweg an der Täsch, allmeiglech Planzen, Somen, Deieren, Bakterien an och Viren mat hém brengen. Dann gesin a verstin ech wat Realiteit ass.

 

E Gleck, elo sin ech erem bei de Vullen ukom, déi ech brauch vir iwer den Göllenen Regulus, den Dréih zum Enn ze fannen.

 

Ech wollt zum Schluss nach eppes soen zu Erer leiwer Unerkennung fir meng Arbecht, déi ech nie ouni all déi gudd a begéschtert Frenn färdeg bruecht hätt, an ganz  besonnesch hinnen soen ech hei och e grousse Merci. Ech huelen gären des Eierung och an hierem Num an Empfank an délen meng Fréd mat hinnen.

 

Haut heich geeiert mat engem Göllenen Regulus, göschter mat enger Göllener Unerkennung aus Deitschland, mar wollt ech eigentlech meng Demissioun gin, net well ech schon iwer 60, net allze goldeg Joer aktiv sin, mé well ech geint onverständlech Mössstänn protesteiere wollt.

 

Ech hun no engem Auswé gesicht. Ech schloen hei fir, mir sollten eis Nim NATURFRENN ëmänneren an SPORTSFRENN. Da klengt eis Sproch mei attraktiv!

 

Bei esou enger scheiner Neijoeschfeier ass et dann net ubruecht fir am Brulli ze piddelen, dén sech an engem senge "Goal" ugesammelt huet.

 

T'SPORTSLEID amuseieren eist Vollek jo - an dat ass et firwât mir all Dâg vill Seiten doriwer liesen. 

 

E Göllenen Bulldoozer an t 'Gölle Motorsé sie vergin. Ech well déi net onbedengt spasseg Traditiou'n awer och bei deser Gelegenhét fortsetzen an ech wollt als zukünftige SPORTSFREND fir t'eischt verschiddenen Foulspiller eng kollektiv Giel Kart weisen.

 

Wann ech mech elo vleicht eppes méi an den Eifer geried hätt, dann hätt ech gleich och déi Rout Kart weise können. Ech hun se bei mir! Déi versuergen ech mer dann fir an e puer Joer!

 

Vielleicht verstin déi sportlech Hären des sportlech Sproch besser, well an dém Milieu brauch keng Verénegung sech t'Bén stompeg ze lâfen fir iwer Wasser bleiwen ze können.

 

Also, Dir leif SPORTSFRËNN, bei deser Geléenhét wönschen ech Iech méi e schéint Joer, wéi dat wat hannerun eis leit. Ech soen Iech merci fir t'gedöllecht Nolauschteren.

 

Henri Regenwetter